Handelsconfederatioun CLC: Reduktioun vun TVA ass kaum spierbar fir Konsument

D'Konsumente wäerten d'Reduktioun vun der TVA net onbedéngt direkt spieren. Dat seet den Tom Baumert, Direkter vun der Handelsconfederatioun. Fir d'Inflatioun ofzeschwächen huet d'Regierung decidéiert déi normal TVA vum 1. Januar u vu 17 Prozent op 16 Prozent ze reduzéieren.

Maxi Pesch / cbi

Supermarché
Foto: Bigstock / Kwangmoozaa

Well d'Präisser wéinst der héijer Inflatioun weiderhi wäerten erop goen, géif den Endkonsument dës Baisse vun der TVA net onbedéngt mierken, erkläert de CLC-Direkter Tom Baumert.

Inflatioun wierkt sech ënnerschiddlech aus

D'Inflatioun géif sech ënnerschiddlech op déi eenzel Produiten auswierken. Besonnesch staark wier se zum Beispill bei de Matière premièren, seet den Tom Baumert.

"An déi Produite wäerten am Akaf ëmmer nach méi deier ginn an doduerch wäert deen ee Prozentpunkt sech och net direkt an dem Verkafspräis, deen een herno gesäit, erëmspigelen."

Den Direkter vun der Handelsconfederatioun geet dovunner aus, datt déi meescht Betriber dëse reduzéierten TVA-Taux un hir Cliente wäerte weiderginn a solidaresch sinn.

Fir kleng Betriber ass déi Mesure méi komplizéiert

Dës Mesure wier awer fir verschidde Betriber mat vill Aarbecht verbonnen, och wann eng Transitiounsphas virgesi wier.

"Mee jo ganz kloer, an ech schwätze lo vun engem ganz klenge Betrib, deen dat nach op der Hand mécht, dee muss dat op der Hand maachen. Dee rechent deen 1 Prozent um Endpräis net méi drop, an dat muss een da jee no Produit ofrechnen. Bei deene grousse Betriber, déi digitaliséiert sinn, ass dat natierlech méi einfach."

Servicer an déi niddreg TVA vun 3 Prozent sinn net vun der Baisse betraff, erkläert den Tom Baumert. Soubal d'Detailer vun de Mesurë bekannt sinn, wëllt d'Handelskonfederatioun hir Membere sensibiliséieren, seet den Direkter vun der CLC.

Méi zum Thema

Energie Präis Gas Lëtzebuerg
Tripartite-Accord

De Gaspräis gëtt also gedeckelt an de Stroumpräis agefruer. Dat sinn déi zwee zentral Punkten aus dem Tripartite-Accord vum Dënschdeg. Wéi gëtt déi Decisioun ëmgesat a wat bedeit se fir de Konsument?

Gilles Roth
Gilles Roth

D'CSV begréisst, datt d'Regierung an d'Sozialpartner e prinzipiellen Accord fonnt hunn. Wann de Sozialdialog funktionéiert, da sollt een aus der Oppositioun eraus deen net torpedéieren, esou de Gilles Roth.

Jean-Claude Franck
Chronik

Déi nei Hëllefsmesüre fir d'Stéit an d'Betriber sinn op den éischte Bléck ganz interessant. Mee d'Präisbrems op der Energie dierf kee falscht Signal sinn, mengt de Jean-Claude Franck.

Tripartite Dag 3
Tripartite

No 30 Stonne Verhandlungen iwwer dräi Deeg an der Tripartite gouf en Dënschdeg den Owend e prinzipiellen Accord annoncéiert: De Käschtepunkt vum Hëllefspak läit bei eppes méi wéi enger Milliard Euro.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen