Well d'Maternité zu Ettelbréck am Moment zou ass, géif een dëst Joer mat 400 bis 600 zousätzleche Gebuerte rechnen, esou den neien Direkter vum HRS-Spidolsgrupp, den Dr. Marc Berna.
Hie weist sech optimistesch, datt seng Servicer dat gestemmt kréien. Wann sech d'Fermeture zu Ettelbréck awer laang géing zéien, bräicht een effektiv zousätzlecht Personal, ënner anerem Hiewannen an Infirmièren. Wéi laang d'Ettelbrécker Maternité zoubleift kéint hien den Ament awer net aschätzen.
Bei Rekrutementsprozess "all Schrëtter" duerchlaf
De Marc Berna gouf am Februar zum neie Generaldirekter vun den Hopitaux Robert Schuman ernannt. D'Lëtzebuerger Wort hat d'Rekrutementsprozedur fir den neien HRS-Direkter virun engem hallwe Joer an engem ëmstriddenen Artikel a Fro gestallt.
Den Dokter, dee virdrun Directeur médical vum pôle viscéral-oncologie war, betount, hien hätt als Kandidat fir den Direkteschposten all d'Schrëtt duerchlaf, déi am Rekrutementsprozess virgesi waren. A sengen Ae wier et "e gutt Zeechen", datt sech an der Prozedur e Kandidat duerchgesat huet, deen och scho virdru fir de Spidolsgrupp geschafft huet.
De Spidolsgrupp hat zejoert ugekënnegt, rechtlech Schrëtter géint d'Wort wéinst deem Artikel ze préiwen. Den neien Direkter seet awer, senges Wëssens wier schlussendlech keng Plainte gemaach ginn.