Radioen

On air

Notturno  |  Gino Vannelli - Appaloosa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cluster am Vitalhome zu Keel

CORONA-PANDEMIE

Cluster am Vitalhome zu Keel

Am Vitalhome zu Keel sinn 8 vun 39 Residenten, also ee Fënneftel vun den Awunner, zanter dem Ufank vum Mount un oder mat Covid-19 gestuerwen. Dat deelt d'Croix Rouge op eis Nofro hi mat.

auto_stories

2 min

Réicht muer sollen déi mobil Ekippe vun der Santé och an de Vitalhome op Keel géint Covid-19 impfe kommen. Bei hirer Prioriséierung mécht d'Santé en Ënnerscheed tëschent Alters- a Fleegeheemer an den encadréierte Logementer. Deemno hätte verschidden Awunner vum Vitalhome tëschent dem 22. a 26. Februar eng Invitatioun kritt fir sech am Centre de Vaccination impfen ze loossen, erkläert de Luc Scheer, Responsabel fir d'Kommunikatioun bei der Croix Rouge. Wien vun den Awunner deemols eng Invitatioun krut a wien sech impfe gelooss huet konnt d'Croix Rouge net beäntwerten.

Zur selwechter Zäit, de 27. Februar gouf en éischte Fall an der Struktur vun der Croix Rouge detektéiert. Direkt duerno wieren d'Residenten nees an hiren Zëmmere confinéiert ginn, hätten net méi zesumme giess an d'Visitte wiere verbuede ginn.

Alles an allem hätte sech awer 25 Residenten an 13 Mataarbechter mam Coronavirus infizéiert. 8 vun den 39 Residente wiere mëttlerweil un oder mam Coronavirus gestuerwen, esou de Spriecher vun der Croix Rouge.

Haut wieren nach fënnef Residente positiv a sechs Persounen hospitaliséiert. Zënter leschter Woch wier keen neie positive Coronafall méi detektéiert ginn.

Souwuel d'Residente wéi och d'Personal géifen elo psychologesche Support kréien, seet de Luc Scheer.