Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Melody Nelson Mandela

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNFP: En nohaltege System?

Staatsfinanzen

CNFP: En nohaltege System?

De Lëtzebuerger Staatsbudget wäert op laang Siicht d'Sozialausgaben net méi kënnen droen, erkläert den Yves Nosbusch, President vum "Conseil National des Finances Publiques". Et misst gehandelt ginn. Politesch Recommandatioune mécht de CNFP keng. Den Yves Nosbusch zeechent awer Méiglechkeeten op: Vu Kierzunge bei de Sozialausgabe bis Erhéijung vu Cotisatiounen a Steieren.

auto_stories

2 min

Yves Nosbusch

De Staatsfinanze géif et haut ganz gutt goen, mat enger niddereger Staatsschold bei 20 Prozent vum PIB, an enger Reserv bei de Pensioune vun ëm déi 33 Prozent vum PIB. "Mir gi vun enger Startpositioun aus, wou mir keng Dette nette haut hunn." Laangfristeg géif Lëtzebuerg awer e grousse Problem mat senger Staatsschold kréien.

De Präis vum al ginn

D'Ursaach wier déi staark Veralterung vun der Gesellschaft. An d'Käschten, déi doduerch duerch Pensiounen, Fleegeversécherung a Gesondheet op de Staat zoukommen. Dem Zeenario no vun 1,1 Milliounen Awunner bis d'Joer 2060 géif d'Staatsschold da bei 160 Prozent leien. Dat geet ervir aus dem Rapport vum CNFP iwwert d'Nohaltegkeet vun den ëffentleche Finanzen. "Am europäesche Verglach ass Lëtzebuerg eent vun de Länner mat laangfristeg de gréissten Erausfuerderungen a ganz Europa", seet de Yves Nosbusch.

Den neien demografesche Projektioune vun Eurostat no hätt Lëtzebuerg am Joer 2060 990.000 Awunner. An deem Fall géif d'Staatsverschëldung esouguer op 208 Prozent vum PIB klammen. "Manner demografesche Wuesstem heescht méi Defie fir d'Laangzäit-Nohaltegkeet vun den ëffentleche Finanzen. Well de Ratio vun deenen déi schaffe par Rapport vun deenen, déi d'Pensioun kréie méi grouss gëtt." Wa Lëtzebuerg net séier géif handelen, géifen d'Käschte vum Ajustement op déi nächst Generatioune verlagert ginn.

Politik: Wéi eng Schrauf dréinen?

Dat géif awer net heeschen, datt Lëtzebuerg säi Sozialmodell vun Ëmverdeelung misst opginn, sou den Yves Nosbusch. Engersäits kéint een de System vu Sozialversécherung reforméieren, fir datt d'Depensen an Zukunft an deem System manner héich sinn. Et kéint een och aner Depensë kierzen, andeems de Staat op anere Plaze manner ausgëtt. Oder op Säite vun de Recettë kéint een d'Cotisatiounen oder d'Steieren an d'Luucht setzen. Prinzipiell bestinn all déi Méiglechkeeten. "Wou d'Schrauf ugesat gëtt, ass eng politesch Decisioun, an net d'Roll vum CNFP."