Staatsbudget CNFP: Lëtzebuerg wäert warscheinlech net an eng Rezessioun falen

Den CNFP seet eng signifikant strukturell Verschlechterung vun de Staatsfinanzen zu Lëtzebuerg viraus: dëst Joer schléisst den Zentralstaat mat engem Defizit vun 1,3 Milliarden Euro of, dat nächst Joer wäert sech déi Zuel verduebelen. Den CNFP-President geet dovun aus, datt sech d'Staatsfinanzen tëscht 2024-2026 nëmme ganz lues wäerten erhuelen.

Marlène Clement / sam

Presentatioun Staatsbudget CNFP
Op der Presentatioun vum Staatsbudget vum CNFP. Foto: Marlène Clement

De Conseil national des finances publiques iwwerwaacht, datt d'Staatsfinanzen am Equiliber bleiwen. E Méindeg huet den onofhängege Gremium d'Evaluatioun vum Projet fir de Staatsbudget fir d'nächst Joer a vum Budget pluriannuel bis 2026 presentéiert.

Defizit verduebelt sech d'nächst Joer

Dëst Joer schléisst den Zentralstaat mat engem Defizit vun 1,3 Milliarden Euro of.

D'nächst Joer wäert sech déi Zuel mat engem Defizit vun 2,8 Milliarden verduebelen - virun allem de Solidaritéitspak schléit heibäi mat 1,2 Milliarden an d'Gewiicht.

De CNFP-President Marc Wagener rechent domat, datt sech d'Staatsfinanzen tëschent 2024-2026 nëmme ganz lues wäerten erhuelen. Esouguer wann déi verschidden Anti-Krisemesurë géifen auslafen, da géif ee vun 2,8 Milliarden op zwou Milliarden Defizit am Joer 2024 goen, an nach 1,5 Milliarden Defizit am Joer 2026.

Dem System geet lues a lues d'Loft aus

Fir ze kucken, op de pluriannuelle Budget déi europäesch Budgetsnorm respektéiert, kuckt déi Europäesch Kommissioun de sougenannte Solde public. Den Defizit vum Zentralstaat gëtt deemno mam Iwwerschoss vun der Sécurité sociale verrechent ginn. Mee och hei géif d'Tendenz no ënne weisen, well d'Alterspyramid lues a lues géif kippen, esou de Marc Wagener:

"Bis zum Joer 2026 kommen all Joer ronn véier Prozent Pensionäre bäi. Et kommen awer just 2,5 Prozent méi Cotisanten bäi. Dat heescht datt lues a lues deem System d'Loft ausgeet."

Weider géifen d'Zuelen aus dem Budget pluriannuel drop hindeiten, datt d'Staatsscholden 2026 bei 29,5 Prozent vum PIB kéinte leien. Wann also näischt sech ännere géif, wier et gutt méiglech, datt 2027 déi 30 Prozent géifen erreecht ginn, déi d'Regierung laut hirem Koalitiounsprogramm net wëllt iwwerschreiden.

Am Abrëll wäert de CNFP d'Zuelen op en Neits evaluéieren fir ze kontrolléieren, ob Lëtzebuerg net an eng Rezessioun rëtscht. De Budgetsprojet gëtt iwwerdeem nächste Mount am Plenum debattéiert.

Méi zum Thema

Marc Wagener
Wirtschaft

De President vum Conseil national des finances publiques mécht sech am Moment keng gréisser Suergen iwwer d'Staatsfinanzen. De Staatsbudget hätt sech d'lescht Joer "ganz gutt" vun der Covid-Kris erholl, esou de Marc Wagener.

Marc Wagener
Staatsfinanzen

Dem Nationale Rot vun de Staatsfinanzen no, kann de Staat sech d'Mesuren aus der Tripartite leeschten. Fir d'Staatsfinanzen an d'Staatsschold wier dat guer kee Problem, seet de Marc Wagener, President vum CNFP.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen