Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNS ka sech véier IRM-Apparater leeschten

Gesondheetskeess

CNS ka sech véier IRM-Apparater leeschten

De Besoin fir IRM-Analysen zu Lëtzebuerg ass héich. D'Martine Goergen, medezinesch Direktesch vum CHL, fuerdert véier nei Maschinnen. De Budget vun der Gesondheetskeess wier grouss genuch.

auto_stories

2 min

"Mir brauche séier véier nei IRM-Apparater fir d'Besoinen an de Spideeler ze couvréieren", seet d'Doktesch Martine Goergen, déi nei medezinesch Direktesch vum Centre Hospitalier an der Stad. Anescht wéi dacks ugeholl, ginn IRM-Apparater net nëmme bei engem Récken- oder Knéiproblem agesat. Dacks gi se gebraucht, fir e Gehirtumor oder Broschtkriibs ze diagnostizéieren. Och bei de Kanner géife vill IRM-Analyse gemaach ginn, präziséiert d'Martine Goergen.

Esou eng Untersuchung géif awer bis zu enger Stonn daueren, an et kann een der pro Dag net esou vill programméieren. Well d'Indikatiounen an d'Luucht ginn a well d'Dokteren d'Patiente manner wëlle bestralen, wier den IRM eng gutt Alternativ zum Scanner, seet d'medizinesch Direktesch vum Centre Hospitalier. Dowéinst wiere véier zousätzlech IRM-Apparater am Land gerechtfäerdegt.

D'Gesondheetskeess wier gutt gefëllt. En IRM-Apparat géing annerhallef Millioune kaschten. Mat der Installatioun kéim een op e Budget vun 2,2 Milliounen Euro. Da kéim een am Ganzen fir véier Apparater op ronn zéng Milliounen. Dat wier ee Montant, deen ee sech erlabe kéint, mengt d'Martine Georgen.

Volle Succès fir déi nei Clinique de la Menopause

Den CHL huet am Oktober déi éischt Clinique de la Menopause an d'Liewe geruff. Déi hätt e grousse Succès an et géife scho Waardelëschte fir d'Patiente ginn.

"Dat war eng richteg Well, déi eriwwergeschwappt ass, wéi bis bekannt gouf, datt et esou eng Clinique géif ginn. Mir probéiere scho méi Leit ze rekrutéieren, fir deem Succès entgéint ze kommen", seet d'Martine Goergen.

CHL an der Testphas fir d'JCI Zertifizéierung

D'Martine Goergen ass zënter dem éischte Juli dëst Joer medezinesch Direktesch vum CHL. Si bekëmmert sech ëm all Uleies, wat d'Doktere betrëfft a geréiert d'Organisatioun an de Fonctionnement vun den Departementer. Och Rekrutéierung vun neien Dokteren ass eng vun hiren Aufgaben.

Eng vun hire Missiounen ass et och, d'Zertifizéierung "Joint Commission international" ze finaliséieren. Enn Oktober hunn US-amerikanesch Experten den CHL bei engem Test ënnert d'Lupp geholl. D'Zil ass et ze garantéieren, datt de Centre Hospitalier eng 350 Standarde beim Accueil an der Sécherheet vum Patient anhält. Den CHL hofft, déi Zertifizéierung d'nächst Joer am Juli ze kréien.