Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNS: weider rout Zuelen

Gesondheetskeess

CNS: weider rout Zuelen

D'Finanze vun der Gesondheetskeess bleiwen am roude Beräich. Fir 2022 läit den Defizit viraussiichtlech bei 55 Milliounen Euro. Dat gouf bei der Quadripartite zu Munneref bekannt.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


2023 da leit den Defizit viraussiichtlech bei 10 Milliounen Euro. Dat géif der Gesondheetsministesch Paulette Lenert no bedeiten, datt d'Reserven, mat deenen d'CNS den Defizit deckt, viraussiichtlech 2027/28 opgebraucht wäerte sinn.

Dat wiere besser Aussiichten, wéi nach am Mee ugeholl, d'Situatioun wier awer net stabel. Duerch d'Indexéierung vun de Gehälter hätt d'CNS zwar "e bësse méi Recetten", mee d'Paulette Lenert geet dovunner aus, datt d'Fraisen an d'Depense weider wäerten an d'Luucht goen.

"D'Inflatioun wäert am Gesondheetssecteur net ouni Spuere laanschtgoen. Et muss ee sech drop astellen, datt mir an enger Situatioun bleiwen, wou et drëms geet d'Zukunft ze iwwerdenken."

An der leschter Tripartite gouf een Aarbechtsgrupp an d'Liewe geruff, dee finanziell nohalteg Léisunge fanne sollt. Wéinst der Tripartite hätt dësen Aarbechtsgrupp awer Verspéidung kritt, erkläert d'Gesondheetsministesch.

Bis déi nächst Quadripartite am Fréijoer sollen awer konkret Proposen um Dësch leien.

Gewerkschaften a Patronat maache sech Suergen ëm d'Finanzen

Souwuel dem Patronat, wéi och de Gewerkschafte maachen d'Finanze vun der Gesondheetskeess Suergen. Souwuel den LCGB, wéi och den OBGL sinn der Iwwerzeegung, datt net un de Prestatioune fir de Versécherte gespuert dierft ginn.

D'Lynn Settinger vum OGBL erkläert, datt den Onofhängege Gewerkschaftsbond éischter fir eng Erhéijung vun de Cotisatioune wier, wéi datt een op de Wee vun enger Verschlechterung vun de Prestatioune wéilt goen.

De Jean-Paul Olinger, Direkter vum Patronatsverband UEL huet sengersäits een Appell zur Virsiicht gemaach:

"D'Finanzsituatioun vun der Gesondheetskeess grefféiert sech an d'Finanzsituatioun vum ganze Land: Mir hunn ee Staatsbudget, dee staark strapazéiert ginn ass an de leschte Krisen. Mir hunn eng wirtschaftlech Situatioun vun den Entreprisen, déi net evident ass elo déi nächst Joren. Alles, wat an der Tripartite decidéiert ginn ass, geheit natierlech e Schied."

Prestatioune beim Zänndokter: Deelweis goufen Accorde fonnt

Niewent dem Defizit vun der CNS stoung de Remboursement vu verschiddene Prestatioune beim Zänndokter am Mëttelpunkt. Hei hätt een eng Léisung fonnt bei de Remboursementer vun de Wuerzelbehandlungen a Krounen, esou d'Paulette Lenert.

Allerdéngs géif et nach ëmmer keen Accord gi wat Zännfëllungen an d'Implantater ugeet. Déi Diskussioune lafen zanter 2016.

Den Hausdokter méi dacks consultéieren

Weider huet d'Gesondheetsministesch dofir plädéiert, datt d'Leit méi op d'Primärmedezin sollen zeréckgräifen. Den Zoulaf an den Urgencen eleng an de Spideeler wier ëm 25 Prozent an d'Luucht gaangen.

De President vun der AMMD Alain Schmit bedauert, datt d'Politik déi urgent Situatioun net ugeet. Ronn d'Hallschent vun den Urgencen am Spidol hätt kéinte vun engem Hausdokter en charge geholl ginn. "Mir verstinn net, datt een dat net ugeet", bedauert den Alain Schmit.