Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Co-Locatiounen: Esch verzicht vläicht op Reegelung am PAG

No Kritik um Bebauungsplang

Co-Locatiounen: Esch verzicht vläicht op Reegelung am PAG

Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) ass eventuell bereet am neie PAG vun der Gemeng op eng Reegelung vun de Co-Locatiounen ze verzichten. D'Gemeng kéint dat och am Bautereglement reegelen, wann den Inneministère dat gär sou hätt, esou den Député-Maire am 100,7-Interview. De schwaarz-blo-grénge Schäfferot wéilt Co-Locatiounen net verbidde mee reegelen.

auto_stories

3 min

De Georges Mischo war dëse 5. Juli Invité an der Emissioun Riicht Eraus

De Georges Mischo wëllt no der Summervakanz Gespréicher féieren a Workshoppen organiséiere mat de Gemengekommissiounen, de Parteien, de Bierger an der Universitéit. Hie géif hoffen, datt et dann am Hierscht am Gemengerot en unanime Vott iwwer den Allgemenge Bebauungsplang vun der Gemeng gëtt.

Den zweete Vott vum Bebauungsplang vun der Gemeng war dës Woch an den Hierscht verréckelt gi well et Kritik un der Reegelung vu Wunngemeinschaften an Appartementer an Eefamilljenhaiser gouf. De Schäfferot hat am neie PAG geschriwwen, Co-Locatioune wieren erlaabt, an Eefamilljenhaiser an Appartementer dierften awer just Membere vun enger Famill oder mat engem "Lien affectif" wunnen. Den Inneministère hat sech skeptesch gewisen, ob d'Pläng vun der Gemeng legal sinn.

"Kucke wat dobäi erauskënnt"

Hie géif net fannen, datt de Schäfferot d'Gesiicht verluer huet, esou de Buergermeeschter op Nofro hin. Déi schwaarz-blo-gréng Koalitioun géif der Oppositioun d'Hand reechen. Mee et wier och Desinformatioun bedriwwe ginn. Och vun 2008 bis 2017 hätte fréier Schäfferéit scho Co-Locatioune an Eefamilljenhaiser verbueden. Am Februar 2018 hätten och d'LSAP an déi Lénk (Oppositioun) sech fir de Schutz vun Eefamilljenhaiser ausgeschwat (ndlr: Deemools ass et awer ëm d'Fro gaangen, ob Eefamilljenhaiser dierften a Residenzen ëmgewandelt ginn).

De Georges Mischo huet sech donieft oppe gewise fir déi geplangte Konditioune fir d'Sous-Locatiounen fir Studenten nach ze änneren: "Ech muss net op 100 Quadratmeter reiden. Wann et der herno 70 sinn ass dat och ok", esou de Buergermeeschter an der Emissioun Riicht Eraus.

Keng Interventioun vun der Partei

Den CSV-Parteipresident wier net bei him intervenéiert, esou de Georges Mischo op Nofro hin. Op Facebook hat de Frank Engel gemengt, et wier illegal an Eefamilljenhaiser just Familljen zouzeloossen: "Zanter wéini bestëmmt an enger demokratescher Gesellschaft eng Gemeng, ob ech een dierf bei mir ënner Daach bréngen", hat de Frank Engel geschriwwen. Den CSV-President hätt net esouvill Experienz am Gemengewiesen, äntwert de Georges Mischo.

Aner Gemenge géifen ofwaarde wéi et zu Esch ausgeet. Den Député-Maire vun der zweetgréisster Gemeng am Land huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP), den Hesper Buergermeeschter Marc Lies (CSV) an de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter (CSV) ernimmt.

Nei asbl gegrënnt

Et kéint e Sécherheetsproblem mat Co- a Sous-Locatioune ginn, argumentéiert de Georges Mischo. Den Escher Schäfferot wéilt awer fir d'éischt och den annoncéierte Gesetzesprojet vum Logementsminister Henri Kox (déi gréng) iwwer Co-Locatiounen ofwaarden.

Et gëtt jiddefalls weider op Esch gekuckt: d'Initiativ Save Co-Housing Esch wëllt de Freideg, den 10. Juli virum Gemengerot manifestéieren. No den Diskussiounen zu Esch huet sech och eng nei asbl fir de Schutz vu Locatairë gegrënnt.