Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Co-Working Centren an Télétravail géint de Stau?

Aarbechtsmarché

Co-Working Centren an Télétravail géint de Stau?

Bei der Gare zu Rodange soll nieft engem "Park & Ride" och e sougenannte Co-Working Centre gebaut ginn. Eng privat Entreprise huet dem Stol-Produzent ArcelorMittal den Terrain ofkaaft, esou de Péitenger CSV-Buergermeeschter Pierre Mellina. Op dësem Site wier ënner anerem e grousst Büro-Gebai geplangt, an deem verschidden Entreprisë Büroe kënne lounen. Co-Working Centren op de lëtzebuergesche Grenze sollen d'Aarbechtsplaze méi no bei d'Frontaliere bréngen. Si sinn awer net onëmstridden.

auto_stories

5 min

Co-Working-Zentre goufen ewell an der Rifkin-Etude an am Xavier Bettel senger leschter Ried zur Lag vun der Natioun thematiséiert. Mat dësen Zentere sollen d'Verkéiersproblemer vum Land reduzéiert ginn, esou de Premier am Abrëll dëst Joer.

"Sou soll zum Beispill e Frontalier, deen aus dem Frankräich kënnt, net duerch dat ganzt Land fueren, fir op de Büro ze kommen. An dann eng Stonn drop nees den Auto huelen, fir bei de Client ze fueren. Duerch nei Aktivitéiten op méi dezentraliséierte Plazen an eisem Land, kënne mir verschidde Ballungsgebidder entlaaschten."

De Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina seet, datt de geplangte Co-Working Centre bei der Rodanger Gare zesumme mam Park & Ride sech positiv op d'Liewen an der Gemeng an op déi lokal Ekonomie kéint auswierken.

"An den 80er an 90er Joren huet jiddereen, deen zu Rodange geschafft huet, och do gewunnt. Dat ass net méi de Fall: D'Leit ginn an d'Stad schaffen. Ganz dacks maache si och de Commerce ronderëm d'Stad a ginn an déi grouss Surfacen, ier si heem kommen. Dat huet e groussen Impakt gehat op de Commerce an den Uertschaften, deen huet ofgeholl. Hei ginn et wahrscheinlech Méiglechkeeten, neie Commerce ze schafen."

D'Gewerkschaft OGBL dogéint positionéiert sech kloer géint Co-Working Centren, esou de Jacques Delacollette, Representant fir déi belsch Frontalieren. Doduerch géif de Problem nëmme verlagert an net geléist ginn, ënnersträicht de Gewerkschaftler

"Et wäert weder eppes änneren um Stress fir d'Leit, nach un der Mobilitéit, wéi zum Beispill de Stau änneren. D'Leit ginn awer all Dag op Lëtzebuerg."

D'Leit géingen ëmmer nach virun de Grenzen am Stau stoen, och wa si net an d'Stad misste fueren, seet de Jacques Delacollette.

"Mir bréngen et fäerdeg, net alleguer d'Leit an den Zentrum ze drainéieren. Mir bréngen et och fäerdeg an de Grenzuertschaften de Verkéier ze reduzéieren. Fir d'Lëtzebuerger Land wier dat schonn emol e Problem manner. Op der anerer Säit wäert sech de Problem a Frankräich, an der Belsch oder an Däitschland net domat geléist sinn. Als Péitenger Buergermeeschter muss ech allerdéngs zouginn, datt dat net eis Problemer sinn," esou de Pierre Mellina, Buergermeeschter vu Péiteng.

Bei Co-Working Centre géingen et awer och Dateschutz-Risike fir d'Entreprisë ginn, déi Büroe lounen, esou de Michel-Edouard Ruben vun der Fondatioun IDEA.

"Fir d'Entreprisen déi zu Lëtzebuerg sinn, gëtt et e Risiko vun der Sécherheet, wéi zum Beispill Cyberattacken oder Problemer mat sensibelen an net sensibelen Donnéeën."

De Joseph Faber vum Aarbechtsministère mengt och, datt et fir d'Patrone wichteg wier ze wëssen, wien emol e Bléck op d'Computerschiermer vun hiren Employéë kéint werfen.

Fir den OGBL wier et eng besser Léisung, wann een de Frontalieren d'Méiglechkeet géing ginn, en Deel vun hirer Aarbecht vun Doheem aus ze maachen, seet de Jacques Delacollette.

Duerch déi europäesch Legislatioun dierfe Frontalieren den Ament bis zu 25 Prozent vun hirer Aarbecht an hirem Heemechtsland maachen a weider zu Lëtzebuerg verséchert bleiwen. Dowéinst géing sech e Modell ubidden, deen et de Frontalieren erlaabt, een Dag an der Woch doheem ze schaffen, seet de Jacques Delacollette vum OGBL. Dobäi gëtt et fir den Ament awer och nach e steierleche Problem, esou den OGBL-Responsabele fir déi belsch Grenzgänger.

"All Aarbechter aus de Grenzregiounen, dee seng Aarbecht ausserhalb vu Lëtzebuerg mécht, muss theoretesch a sengem Heemechtsland besteiert ginn. An der Belsch an an Däitschland existéiere Konventiounen, déi eng gewëssen Toleranz virgesinn: An Däitschland sinn et 19 Deeg, déi ee kann op déi Manéier schaffen. Wann een déi 19 Deeg iwwerschrëtt, muss een de ganzen Deel vu senge Steieren a sengem Heemechtsland bezuelen. An der Belsch huet ee 24 Deeg, déi een ausserhalb vu Lëtzebuerg ka schaffen."

Den OGBL schléit dowéinst vir, datt een dës Toleranz op 45 Deeg pro Joer kéint eropsetzen, fir de Modell mat engem Dag an der Woch z'erméiglechen. Mat Frankräich gëtt et nach keen Accord an den Ament géif et och nach keen Dialog tëschent de Regierunge ginn, esou de Joseph Faber vum Aarbechtsministère.

"Mir hunn eis op Lëtzebuerger Säit zesummegesat fir ze kucken, wéi eng Problemer et do ginn. Mir waarden elo of, ob d'Fransousen dat nämmlecht maachen an eis da kontaktéieren."

Bei der Fondatioun IDEA huet ee sech esouwuel mat de Virdeeler, wéi och mat den Nodeeler vum Télétravail beschäftegt.

"D'Verbesserung vun der Mobilitéit vun den Aarbechter aus de Grenzregiounen ass dee wichtegste Punkt. Donieft wier et gutt fir d'Wuelbefannen, fir d'Gesonndheet vun de Salariéen. Ech gesinn och eng Méiglechkeet fir méi Partizipatioun um Aarbechtsmarché vu verschiddenen Aarbechtstypen. Zum Beispill denken ech do u Fraen, déi dacks nëmmen Hallefzäit zu Lëtzebuerg schaffen. Den Télétravail kéint op dësem Niveau eng Manéier sinn, si besser anzebannen," seet d'Sarah Mellouet vun IDEA.

De Michel-Edouard Ruben vun der Fondatioun IDEA gesäit sengersäits och Risike beim Télétravail. Engersäits kéint d'Trennung vun der Aarbecht a vum Privatliewen duerch den Télétravail a Fro gestallt ginn. Anerersäits wier den Télétravail net fir Jiddereen eng Méiglechkeet.

Et misst een och bedenken, datt Beruffer an deenen traditionell méi Männer schaffe méi Méiglechkeete fir den Télétravail géingen offréieren, esou de Michel-Edouard Ruben.

De Bau vum Coworking Centre bei der Gare zu Rodange soll am Zäitraum 2019/2020 ufänken, esou de Buergermeeschter Pierre Mellina.