arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CO2-Ausgläichssteier: Gefor vu Protektionismus

EU-KLIMAPOLITIK

|
reading time

4 min

CO2-Ausgläichssteier: Gefor vu Protektionismus

Déi nei EU-Kommissioun wëllt direkt um Ufank nei Klima-Mesurë presentéieren. Déi geplangten CO2-Steier kéint awer déi europäesch Industrie benodeelegen. Fir deem entgéint ze wierken, ass eng Ausgläich-Steier op Importer am Gespréich. Esou eng Tax kéint awer fir Problemer am Welthandel suergen.

reading time

4 min

De Klimaschutz soll eng Prioritéit vun där nächste Europäescher Kommissioun ginn. "European Green Deal", sou nennt déi zukünfteg Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hir Initiativ, mat där d'EU wëllt dem Klimawandel entgéint wierken.

Green Deal brauch CO2-Steier

Zil ass et, datt d'Europäesch Ekonomie bis 2050 klimaneutral funktionéiert. Fir dat ze erreeche muss eng Steier op CO2 ageféiert ginn, do ass ee sech eens. Allerdéngs kéint esou eng Steier déi europäesch Industrie benodeelege par Rapport zu Länner, déi keng esou eng Tax hunn.

Fir deem entgéint ze wierken, ass elo eng CO2-Ausgläichssteier am Gespréich. Si kéint zum Beispill op importéierte Produiten erhuewe ginn, nom Motto: Wat méi CO2 bei der Produktioun an d'Loft geblose gouf, desto méi héich fält dës CO2-Ausgläichssteier aus.

Kee Virwand fir Protektionismus

Fir den Nicola Danti, Europadeputéierte vum italienesche "Partido Democratico", kéint esou eng Steier effektiv dofir suergen, datt d'Europäesch Entreprisë par Rapport zu internationale Konkurrenten net benodeelegt ginn.

"Esou eng Steier kéint Europäeschen Entreprisen hëllefen, kompetitiv ze bleiwe par Rapport zu Firmen, déi manner engagéiert am Klimaschutz sinn. Op der Klimakonferenz zu Paräis hu mir eis zu ganz ambitiéisen Ziler engagéiert, déi een Impakt op eis Industrie hunn. Et wier gutt, wa mir ee Steiersystem hätten, deen den Entreprisë kéint Garantië liwweren."

D'Saskia Bricmont, Europadeputéiert vun de belsche Grénge gëtt awer ze bedenken, datt dës Mesuren net mëssbraucht dierfte ginn, fir Protektionismus op EU-Niveau ze bedreiwen.

Géigemesurë virprogramméiert

D'Iddi ass gutt, mee et wäert net einfach gi se ëmzesetzen, warnt iwwerdeems de Simone Tagliapietra, Expert beim Bruegel Think Tank.

"Wéi rechent een den CO2-Gehalt vun enger Spillsaach aus, déi aus China kënnt? Et ass ganz schwéier erauszefannen, wéi vill CO2 an engem industrielle Prozess stécht. [...] A wann een dat chiffréiert, wäert sech dat betreffend Land wieren a soen, d'Rechnung wier falsch. Et kritt een hei also eng zimmlech komplex Diskussioun, déi riskéiert, onendleche vill Geriichtsfäll virun der Welthandelsorganisatioun kéint provozéieren."

Ebe grad d'Welthandelsorganisatioun WTO kéint ee fundamentale Problem an esou enger Ausgläichssteier gesinn. Ëmmerhin sollen d'Reegele vun der WTO verhënneren, datt auslännesch Produiten anescht behandelt gi wéi déi um Bannemarché. Eng Steier just op Importer géif dogéint verstoussen. D'Mesurë misst also éischter als eng indirekt Tax gräifen. Egal wéi, wier mat Géigemesuren ze rechnen, seet de Simone Tagliapietra:

"Dir kéint Iech direkt op een Tweet aus den USA gefaasst maachen, an deem steet: Muer kafe mir keng BMWen, Mercedessen oder Volksween méi. Och aner Länner wäerten dat als eng diskriminatoresch Mesure betruechten, déi et op hir eegen Industrie ofgesinn huet."

CO2-Ausgläichssteier nach net sprochräif

Dozou géifen den Ament och Etüde feelen, déi de sozialen Impakt vun esou enger neier CO2-Präispolitik ënnersichen, seet de Simone Tagliapietra:

"Dat gouf weder op engem europäeschen, nach op engem nationalen Niveau ënnersicht. Méi streng Klimamesurë kéinte Leit mat klengem Akommes méi staark treffen, wéi Räicher. An dat ass ee Problem, dee mer nach guer net ënnersicht hunn."

Fir den Expert ass eng CO2-Ausgläichssteier dofir nach net sprochräif: si kéint an der Theorie, mee net an der Praxis klappen. Hie géif net gesinn, datt se an der EU géif ageféiert ginn.

D'Diskussioun huet eréischt ugefaangen. Si misst op méiglechst breedem Niveau, och bannen der WTO geféiert ginn, dovun ass d'Europadeputéiert Saskia Bricmont iwwerzeegt. Déi nei Kommissioun hätt annoncéiert, bannen den éischten 100 Deeg ee Klimagesetz op den Dësch ze leeën. Dora missten dann och Propose fir dës Ausgläichstaxe gemaach ginn.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.