Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Collège Médical lancéiert Enquête iwwer weider Dokteren

Gesondheetspolitik

Collège Médical lancéiert Enquête iwwer weider Dokteren

D'Beruffschamber vun de Medezinner analyséiert aktuell weider eenzel Fäll v,un Dokteren déi hire Patienten am Kontext vu Covid-19 méiglecherweis Informatioune ginn hunn, déi net am Aklang mat der Gesondheetspolitik vun der Regierung sinn. Am Moment géif een op dräi esou Dossiere schaffen, sot eis de President vum Collège médical, den Dr Pit Buchler.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dozou zielt hien och den Dossier vum ëmstriddenen Dokter Benoît Ochs, deen awer anescht gelagert wier. Den Dokter Ochs wier doduerch opgefall, datt hien ëffentlech géint déi offiziell Covid-Mesurë militéiert, an den aner zwee Fäll hätte Patienten eragemellt, datt hiren Dokter hinnen zum Beispill géif ofrode sech ze impfen oder eng Mask unzedoen. A béide Fäll ass d'Instruktioun net ofgeschloss an d'Suite also onkloer. Ëm wéi eng Dokteren et sech handelt ass net ëffentlech.

Den ëmstriddene Generalist vu Gonnereng an Ikon vun der Marche-Blanche-Silencieuse hätt reegelméisseg a baussent sengem Cabinet Onwourechte verbreet, sou den Dr. Pit Buchler. Well hien an der Ëffentlechkeet géint d'Mesurë militéiert huet, déi ergraff gi si fir d'Pandemie an de Grëff ze kréien, wier hien an éischter Instanz condamnéiert gi fir ee Joer Suspension d'exercice, esou de President vum Collège Médical.

Doktere goufe vun hire Patiente signaliséiert

Déi aner zwee Fäll, op deenen aktuell geschafft gëtt, géifen awer op Patienten zeréckgoen, déi dem Collège médical direkt Signalementer gemaach hunn. A Gespréicher mat hirem Dokter hätte si vun deem Saache gesot kritt, déi sech "eendeiteg" géint déi offiziell Gesondheetspolitik geriicht hätten. Konkret wier et ëm d'Impfung an ëm d'Droe vu Maske gaangen, esou den Dr. Pit Buchler.

80 bis 100 Plainte kritt de Collège médical am Schnëtt pro Joer, déi ze geréieren ass eng vun de Missioune vun der Beruffschamber. D'Pandemie hätt un der Unzuel näischt Wesentleches geännert, dofir awer um Inhalt.

Dossiere sinn nach an der Instruktioun

Dokteren, déi am Verdacht stinn hir Patienten dovun ofzehalen, déi offiziell Mesurë géint d'Pandemie anzehalen, ginn am Kader vun enger Enquête vum Collège médical mat de Virwërf konfrontéiert. Déi géifen zum Deel kontradiktoresch reagéieren a géifen déi Saachen ofstreiden.

Déi aktuell Dossiere sinn nach an der Instruktioun, wéi eng Doktere viséiert sinn, ass net ëffentlech an et gëllt d'Présomption d'innocence.

Am Fall vum Benoît Ochs gëtt den Appell, deen den Dokter ugefrot huet, de 15. Dezember verhandelt. De Moment exerzéiert de Generalist weider.