Radioen

On air

Notturno  |  Marina Allen - Superreality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Colmer-Bierg: Buergermeeschter Christian Miny trëtt net méi un

Gemengewalen

Colmer-Bierg: Buergermeeschter Christian Miny trëtt net méi un

De Buergermeeschter vu Colmer-Bierg kandidéiert bei de Gemengewalen den 11. Juni net méi. Dat huet de Christian Miny dem radio 100,7 op Nofro hi gesot. Hie wëllt sech komplett aus der Gemengepolitik zeréck zéien, esou de 36 Joer ale Politiker.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Hie wéilt sech op "aner Projete" konzentréieren, esou de Forstingenieur a Gerant vun engem Ingenieursbüro. Hien hätt net genuch Zäit fir seng Aarbecht als Independant an als Buergermeeschter ze maachen. Dowéinst wéilt hie sech an Zukunft op säi Beruff an op seng Famill konzentréieren, an net méi fir e Mandat an der Gemeng zur Verfügung stoen.

Bei de Gemengewalen 2017 hat de Christian Miny an der Majorzgemeng Colmer-Bierg iwwerraschend déi meeschte Stëmme kritt, méi wéi de fréiere Buergermeeschter a fréieren LSAP-Deputéierte Fernand Diederich. 2017 war déi éischte Kéier, datt de fréiere President vum Club des Jeunes Christian Miny bei Gemengewalen ugetruede war.

D'Gemeng Colmer-Bierg am Kanton Miersch huet ronn 2.200 Awunner.