Radioen

On air

Kultur um 5  |  Theaterkritik: "Ech sinn um Enn vun deem, wat ass"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Commerce, Schoulen a Crèchë sollen den 11. Januar nees opgoen

Corona-Pandemie

Commerce, Schoulen a Crèchë sollen den 11. Januar nees opgoen

Wéinst der Baisse vun de Corona-Neiinfektiounen diskutéiert d'Regierung um Dënschdeg doriwwer fir verschidde Secteuren nees opzemaachen. D'Schoulen an d'Crèchë sollen eisen Informatioune no e Méindeg erëm opgoen. All déi Geschäfter, déi zanter Enn Dezember zou sinn, sollen den 11. Januar - ënner Konditiounen - erëm kënnen opmaachen. D'Caféen an d'Restaurante - déi schonn zanter Enn November zou sinn - sollen awer virun zoubleiwen.

auto_stories

2 min

E groussen Deel vum Rescht vun den aktuelle Mesurë wéinst der Corona-Pandemie dierfte bis den 31. Januar verlängert ginn, also fir weider dräi Wochen. Diskutéiert gouf awer iwwer d'Méiglechkeet, datt den Ufank vun der Ausgangsspär vun e Méindeg un erëm op 11 Auer owes kéint no hanne verréckelt ginn.

D'Caféen a Restaurante sollen awer nach zoubleiwen.

Reouverture vu Sport a Kultur?

D'Fro ob an ënner wéi enge Konditiounen de Kultursecteur erëm kéint opgoen, war bis zum Schluss an der Diskussioun: deementspriechend Bestriewunge géife lafen, heescht et. Bei der Fro, wéi eng Gruppe Sport kënne maachen, sollen et Prezisioune ginn.

Ëffentlechkeet gëtt den Dënschdeg Mëtteg informéiert

Wéi genee et vun der nächster Woch un hei am Land mat de Mesurë virugeet, huet de Regierungsrot haut Virmëtteg diskutéiert. Informatiounen doriwwer, wat do festgehale gouf, liwweren de Premier an d'Gesondheetsministerin dem Chamberbüro an de Presidentekonferenz elo an der Mëttesstonn. D'Ëffentlechkeet gëtt da vun dräi Auer de Mëtteg un informéiert, op enger weiderer Pressekonferenz vu Xavier Bettel a Paulette Lenert.

Iwwer déi néideg Upassung vum Gesetz mat de Covid-19-Moossname soll d'Chamber e Freideg oder Samschdeg ofstëmmen, nodeem ë. a. den Avis vum Staatsrot virläit.
Schonn de Mëtteg um véier Auer kënnt d'Chamber-Gesondheetskommissioun eng éischte Kéier zesumme fir iwwer de Projet ze diskutéieren, deen haut soll deposéiert ginn.

An de leschte siwen Deeg goufen et zu Lëtzebuerg am Schnëtt 162 Neiinfektiounen den Dag. Et gouf allerdéngs och nëmmen hallef esou vill getest wéi virun de Feierdeeg.