Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reformdiskussioun hannert zouenen Dieren

Méi Transparenz fir de Staatsrot?

Reformdiskussioun hannert zouenen Dieren

Soll d'Informatioun ëffentlech gemaach ginn, wien d'Avise vum Conseil d'Etat schreift? De Staatsrot an d'Institutioune-Komissioun vun der Chamber hunn doriwwer diskutéiert, wëllen awer näischt soen.

auto_stories

2 min

Soll ënnert den Avise vum Staatsrot an Zukunft den Numm vum jeeweilege Rapporter stoen? Dës Fro ass radio 100,7-Informatiounen no um Mëttwoch an enger Reunioun tëscht dem Staatsrot an der Institutioune-Kommissioun vun der Chamber diskutéiert ginn.

Et hätt sech ëm en informellen Austausch am Kontext vun der geplangter Reform vum Staatsrot gehandelt, esou den Alex Bodry, LSAP-Fraktiounschef a President vun der Institutioune-Kommissioun. Méi Detailer wollten d'Deputéiert, déi bei de Gespréicher dobäi waren, op Nofro hin net ginn. D'Reunioun wär confidentiel gewiescht.

déi Lénk net an der Reunioun dobäi

Den Deputéierte Marc Baum (déi Lénk) weess net, wat an der Reunioun geschwat gouf, well hien eegenen Aussoen no, net wollt an d'Reunioun goen. Et wier un der Chamber, fir souverän iwwer d'Reform vum Staatsrot ze diskutéieren, amplaz ze probéieren a geheime Reunioune mam Staatsrot e Kompromëss ze fannen.

No enger rezenter Kontrovers iwwer Interessekonflikter am Staatsrot hat d'CSV hir fréier Positioune geännert a gefuerdert, datt d'Nimm vun de Rapporteren an Zukunft publizéiert ginn. Eisen Informatiounen no ass de Staatsrot kategoresch géint dës Propos.

Am Dezember hat d'Press opgedeckt, datt den Alain Kinsch, Chef vun der Consultingfirma EY Lëtzebuerg, den Avis vum Staatsrot iwwer d'Steierreform geschriwwen huet. De Conseiller krut en Interessekonflikt reprochéiert, well am Avis haaptsächlech festgehale gouf, datt d'Regierung d'Steiere fir d'Betriber nach méi reduzéiere sollt - eng Positioun, déi sech mat där vun de grousse Consutlingfirme wéi EY Lëtzebuerg deckt. Donieft gouf et en Interessekonflikt, well den Alain Kinsch an der DP mat un der Steierreform geschafft huet.