Radioen

On air

Kultur um 5  |  Amy Winehouse - Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Conter: Drénkwaasser aus der Quell

Gemengewalen 2023

Conter: Drénkwaasser aus der Quell

Bei der Drénkwaasserversuergung hunn d'Gemengen eng grouss Responsabilitéit. Si musse garantéieren, datt op hirem Territoire zu all Zäit genuch proppert Drénkwaasser fir jiddereen zur Verfügung steet. Wéi opwenneg a komplizéiert dat ass weist d'Beispill vu Conter. Op der Gemeng hirem Territoire läit d'Millbech - eng vun de gréisste Quellen am Land. Wéinst Pestizid-Belaaschtung kann déi Quell awer nëmmen zum Deel als Drénkwaasser genotzt ginn.

auto_stories

5 min

Millbech Quell Contern (Foto: Tessy Troes)

D'Millbech Quell bréngt 2,5 Millioune Liter pro Dag. Den Ament, awer, gi just zéng Prozent vum Quellewaasser als Drénkwaasser genotzt, well ze vill Pestiziden dra sinn. Den Haaptproblem ass de Metazachlore Esa, well de Wäert véierfach driwwer läit.

Den Ursprong vun där Pollutioun wier de Mënsch. Net nëmmen d'Baueren, mee och Privatleit hätten net ëmmer den Dosage vun de Pestiziden korrekt agehalen, erkläert de Georges Arendt.

D'Quellefassungs-Installatioun vun der Millbech Quell ass an de 90er Joren nei gemaach ginn. Aus der Quell gouf viru Joren nach vill méi Drénkwaasser geholl wéi haut, souguer de Kanton Réimech gouf mat Milbecher Quellewaasser versuergt. D'Pestizide-Belaaschtung war zu där Zäit nach net bekannt.

Dee véier Mol ze héije Wäert vu Metazachlore ass an de leschte fënnef Joer konstant bliwwen. D'Gemeng Conter wëll méi Quellewaasser als Drénkwaasser benotzen dofir investéiert se elo an eng grouss Filteranlag mat aktiv-Kuel.

Déi nächst Statioun ass den Ëmweltministère um Kierchbierg. Den Tom Schaul weist op Geoportail.lu Kaarte mat de Waasserschutz-Zone ronderëm d'Millbech an aner Quellen. Fir hien ass d'Filteranlag just en Deel vun der Léisung. Dat ënner anerem, well déi aktiv-Kuel net alles aus dem Waasser eraus filtere kann.

Den Tom Schaul fënnt et wichteg, wa scho wäit virun der Quell, an den Anzuchsgebidder, aner Bewirtschaftsmetode géife stattfannen.

Ee Beispill ass déi mechanesch Onkrautbekämpfung mat enger Mais-Kapp-Maschinn. D'Gemeng Conter huet sou eng Maschinn, mat 75 Prozent Subside vum Staat, kaaft. Op de Maisfelder, op deenen d'Kappmaschinn agesat gëtt, kënne Pestiziden doduerch ëm iwwer d'Hallschent reduzéiert ginn.

De Moutforter Waasser-Basseng gouf an de 70er Jore gebaut. E wier an engem schlechten Zoustand gewiescht a wier elo komplett nei gemaach ginn, erkläert de Georges Arendt.

Bei den Drénkwaasser-Infrastrukturen ass et wichteg, datt se an engem gudden Zoustand sinn, och fir déi ganz streng Qualitéits-Critère vum Drénkwaasser ze respektéieren. Zu Conter huelen de Georges Arendt, a säi Mataarbechter, Alex Gehres, d'Waasser-Prouwe selwer, op d'mannst eemol de Mount op all Reseauen. D'Prouwe ginn un d'Waasserwirtschaftsamt geschéckt wou d'Waasser-Qualitéit analyséiert gëtt.

Den Tuerm, ee vun zwee Waassertierm zu Conter, ass 35 Meter héich, et si vill Trape bis uewen hin. De Waassertuerm gëtt bis Enn des Jores komplett sanéiert.

Mam Populatiouns-Wuesstem klëmmt natierlech och de Waasser-Verbrauch. A wéinst der Klimaerwiermung, mat méi Dréchen-Perioden, stellen sech och zu Conter ëmmer méi Froen net just iwwer d'Qualitéit, mee och d'Quantitéit vum Drénkwaasser, déi gebraucht gëtt. Bis elo wier et ëmmer nach duer gaangen.

Ronn 700.000 Liter pro Dag ass am Wanter de Gesamt-Drénkwaasser-Verbrauch zu Conter. Am Summer sinn et zwou Millioune Liter, also bal dräi Mol esou vill. Am Summer bräichten d'Leit méi Waasser, erkläert de Georges Arendt.

An da gëtt et zu Conter och e puer Geméis- an Uebst-Baueren, déi am Summer vill nätzen.

Wann eng Dréchent ass, da verbrauchen d'Geméisbaueren duerchaus tëschent 700 an 1.000 Fudder den Dag, wat 50 Prozent vum Gesamt-Verbrauch ausmécht. Zu Conter ginn ongeféier 500 Fudder dran. Soumat brauchen d'Bauere quasi zwee Waassertierm pro Dag.

De Jean-Claude Muller, de gréisste Geméis- an Uebstbauer zu Conter, ass frou iwwer de Reen dee mir bis elo dëst Joer haten. Obwuel eng Dréchent ëmmer kéint kommen, esou wéi zejoert. Do war et scho ganz fréi extreem dréchen.

"Do musse mir ganz fréi ufänke mat nätze fir d'Kulturen duerchzekréien. Da brauche mir extreem vill Waasser. Dat ass d'lescht Joer sou wäit gaangen, datt mir missten ee Choix maachen a verschidde Kulturen net méi bewässert hunn, well et sech iergendwann net méi rentéiert huet, well mir dat Waasser och mussen akafen. A verschiddener waren do och leider en Total-Ausfall."

De Pilotprojet ass an Zesummenaarbecht mam Ëmwelt- a Landwirtschaftsministère, an der Gemeng Conter. De Jean-Claude Muller ass enk an de Projet agebonnen. Den Ament gi nach Etude gemaach. Déi sollen am Hierscht fäerdeg sinn, fir de Projet dann eventuell ze finaliséieren.

Technesch gesi wier dat allerdéngs relativ opwenneg, mengt de Chef vum Contern Waasserservice, Georges Arendt. Et missten eventuell Opfangbecken, mat enger Traitéierungs-Anlage gebaut ginn, a nei Leitunge geluecht ginn.