Radioen

On air

De Moien  |  Sorry Girls - Prettier Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COP27: Déi räich industrialiséiert Staate wëllen net fir Klima-Schied responsabel sinn

Weltklimakonferenz

COP27: Déi räich industrialiséiert Staate wëllen net fir Klima-Schied responsabel sinn

Déi zweet an decisiv Woch vun der Welt-Klimakonferenz zu Scharm El-Scheisch an Ägypten ass amgaangen. D'Lëtzebuerger Ëmweltministesch Joëlle Welfring kënnt och haut Dënschdeg um Roude Mier un. Fir si an déi aner bal 200 Delegatioune gëtt et elo kritesch. Bis Enn dëser Woch soll en Accord stoen, deen op d'Versprieche vu Paräis, a lescht Joer zu Glasgow, baut.

auto_stories

2 min

Dës COP27 gëtt dacks, och an Ägypten, als Iwwergangs-Konferenz beschriwwen. Eng Weltklimakonferenz déi keng grouss nei Schrëtter wäert op den Dësch leeë kënne fir de Klimawandel ze bremsen. Et soll éischter drëms goen d'Versprieche vu leschtem Joer zu Glasgow ze konkretiséieren. Vun Ufank u gouf et hei d'Angscht, datt aner Themaen oflenke kéinten. De Krich vu Russland an der Ukrain, d'Energiekris, d'Inflatioun. Mee de Klimawandel, dee bleift, a gëtt méi schlëmm, dat hu vill Etuden hei op der Konferenz nach eng Kéier bestätegt.

All Welt-Klimakonferenz soll d'Leit zesumme bréngen, déi mat hiren Decisiounen, an d'Zivilgesellschaft mat hirem Drock, d'Äerderwiermung op 1,5 Grad limitéiert. Dat ass d'Zil vum Paräisser Klimaofkommes, an all COP soll dat Zil mat konkrete Moossname méi no bréngen.

Villes feelt, a wäert och no dëser COP27, nach feelen

D'Länner mat den héchsten Zäregas-Emissioune maachen net genuch fir hir eegen Ekonomien un alternativ gréng Energiequellen ze gewinnen. Mee si maachen och net genuch fir déi aner Länner déi de Klimawandel a Gefor bréngt. Besonnesch op dëser Klimakonferenz an Afrika sinn d'Stëmme vun den Entwécklungslänner méi staark. Si kruten 100 Milliarden Dollar d'Joer versprach fir sech un de Klimawandel ze adaptéieren, a fir selwer vun den Zäregaser ewech ze kommen. Méi haart dëst Joer sinn d'Stëmmen, déi wëllen, datt aarm Länner fir de Schued an d'Verloschter kompenséiert ginn, déi d'Äerderwiermung elo scho bruecht huet. Den technësche Begrëff ass "loss and damage" a wann dës COP27 an d'Geschichtsbicher agoe wëllt, da misst hei e Mechanismus oder e Fong geschafe ginn fir esou Kompensatiounen ze erméiglechen.

Mee dozou kënnt et kaum. Déi méi räich an industrialiséiert Staate wëllen net finanziell responsabel gehale ginn, fir d'Schied déi hir Emissioune scho bruecht hunn.