Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Becca Mancari - Over And Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COP27: Wat sinn d'Erausfuerderungen?

Klimakonferenz zu Scharm El-Scheich

COP27: Wat sinn d'Erausfuerderungen?

E Sonndeg ass am ägyptesche Scharm El-Scheich den Optakt vun der 27. Klimakonferenz. Eng vun de Froen, déi hei dierft am Mëttelpunkt stoen, ass op d'Zil vun enger maximaler 1,5 Grad-Erwiermung nach iwwerhaapt ze erreechen ass. Mee wat sinn d'Revendicatioune vun de Lëtzebuerger ONGen an dësem Kontext?

auto_stories

3 min

Et wier ze hoffen, datt et net just bei gudden Absichtserklärunge bleift, mee datt um Enn och gehandelt gëtt - dat ass unanime d'Meenung bei den Ëmwelt-Organisatiounen.

Lëtzebuerg misst mam gudde Beispill virgoen

Och wann d'Erausfuerderunge global sinn, esou ka Lëtzebuerg och als klengt Land en Deel zu enger Léisung bäidroen. Grad als ee Land mat engem vun den héchste Pro-Kapp Co2-Emissiounen an enger historescher Virbelaaschtung wat déi Emissiounen ugeet, misst Lëtzebuerg mam gudde Beispill virgoen, esou den Christoph Murroccu vum Mouvement écologique:

"Lëtzebuerg huet do och eng Roll op europäeschem Niveau sech dofir anzesetzen, fir datt ee sech spéiderhin op enger COP da kann och fir méi Ambitioun asetzen. Et ass jo esou dat d'EU en bloc do wäert negociéieren, dat heescht do hu mir scho ganz kloer déi Schrauwen, wou mir kënnen drun dréinen."

Fir d'éischt awer musse sech déi ronn 200 Staaten op der Konferenz emol kloer ginn, op d'Zil vun den 1,5 Grad Maximalerwiermung bis Enn vum Joerhonnert par Rapport zu 1850 iwwerhaapt nach erreecht ka ginn.

Momentan deit näischt drop hin, am Géigendeel: d'Energiekris bréngt Gas, Pëtrol an esouguer Kuel nees an d'Spill. Dat si fossil Klassiker, fir déi 2021 weltwäit am ganze bal 700 Milliarden Dollar u Subventiounen ausbezuelt goufen. Dat ass duebel esou vill wéi dat Joer virdrun.

Et ginn och positiv Resultater

Fir de Christoph Murroccu géif awer och dës Kris eng Chance bidden, well se eng aner Dynamik bruecht hätt:

"Dës Energiekris huet awer och dozou gefouert, datt eng ganz Rei vu Länner, vu Acteuren, vu Leit sech méi an d'Richtung vun erneierbaren Energie stierzen, éischter wëllen doheem eng PV op den Daach maachen, eng Wärmepompel maachen [...]".

Och fir de Raymond Aendekerk vu Greenpeace Lëtzebuerg géif et positiv politesch Resultater ginn, wéi zum Beispill de Stopp vum Ofholze vu Bëscher. Et wiere gutt Pisten do, mee et misst och wierklech eppes geschéien:

"Zum Beispill d'Kuelverbrennung, déi misst eigentlech no 2030 an allen OECD-Länner opgehuewe ginn, déi dierft net méi stattfannen."

Wichteg Finanzhëllefe ginn nach decidéiert

E besonnesch kriddelege Punkt sinn d'Finanzhëllefen, déi sech an zwou Kategorien opdeelen: eemol sollen 100 Milliarden Dollar u Gelder mobiliséiert gi fir Entwécklungslänner ze hëllefen, fir hier Emissiounen ze reduzéieren. Dat ass bis elo nach net ëmgesat ginn.

Op der anerer Säit soll fir d'éischte Kéier iwwer e sougenannten Fong geschwat gi fir Klimaschied ze reparéieren. Et handelt sech do ëm Hëllefsgelder fir déi Länner, an deenen elo schonn e substantielle Schued duerch de Klimawandel entstanen ass.

De Raymond Aendekerk vu Greenpeace Lëtzebuerg seet, datt dëse Fong absolut noutwenneg wier an ee vun den Haaptpunkten op der Klimakonferenz misst sinn:

"Mir hunn eleng lo schonn am globale Süde Schied, déi tëschent 290 bis 380 Milliarden Dollar geschat ginn."

D'Eckpunkte vun de richtegen Decisiounen stéingen zu Scharm El-Scheich um Ordre du jour, esou nach de Raymond Aendekerk. Si missten elo just och nach richteg ugepaakt an ëmgesat ginn.