Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COPAS: Am betreite Wunnen hätt misste prioritär geimpft ginn

Impfstrategie

COPAS: Am betreite Wunnen hätt misste prioritär geimpft ginn

D'Awunner an d'Personal an de Strukture fir betreit Wunnen hätte misste prioritär geimpft ginn, fënnt d'Copas. Donieft ass et fir den Daachverband vun den Alters- a Fleegeheemer problematesch, datt d'Autoritéite fir déi sougenannt "Logements encadrés" keng separat Covid-Statistiken hunn.

auto_stories

2 min

Lauschtert dee ganze Bäitragplay_arrow


Virun engem Joer schonn hätt d'Copas proposéiert, datt och d'Covid-19-Donnéeën aus dësen 12 Strukture fir betreit Wunne sollte separat recenséiert ginn. D'Regierung hätt sech allerdéngs dogéint decidéiert.

Zuele falen ënner ee gréissere Reseau

Elo géifen déi positiv Fäll an den encadréierte Logementer an déi allgemeng Zuele vun de Réseaux d'aides et de soins fléissen. Dat géif dozou féieren datt déi Fäll net méi eenzel identifizéiert kënne gi bedauert d'Copas-Generalsekretärin Netty Klein. De Problem: Doduerch géifen eenzel Clusteren an deenen Institutiounen net méi opfalen.

De Gesondheetsministère stuuft d'Leit, déi an dëse Strukture liewen d'selwecht a wéi al Leit, déi doheem wunnen. Datt verschidde Strukture verschidde funktionéiere gëtt net consideréiert. Deemno goufen d'Awunner net zesumme fir eng Impfung invitéiert, mee se krute jee no Alter eng individuell Invitatioun, wéi wa se net an enger gemeinsamer Struktur wunne géifen.

Mobil Ekippe sur place

D'Netty Klein erkläert, datt Leit a logements encadrés wunnen, déi manner wéi zwielef an eng hallef Stonn assurance dépendance op hirem Plan de prise en charge hunn. Dat wieren d'office Leit, déi méi mobil wiere wéi Leit a Fleegeheemer. Trotzdeem hätt ee sech fir mobil Impfekippen op der Plaz agesat.

D'Awunner sinn nämlech net all mobil: Iergendwann bräicht eng Persoun awer méi wéi 12 Stonne Fleeg, esou d'Netty Klein. An déi Persoune géifen nach weider do wunne bis eng aner Léisung fonnt wier. Problematesch fënnt d'Copas och, datt d'Personal - och sous-traitanten, Benevollen a Stagiairen - aus den encadréierte Logementer net prioritär geimpft goufen.

Anescht wéi de Premier et rezent virun der Press sot, wier de Familljeministère dann och Responsabel fir d'"Logements encadrés", esou d'Netty Klein. Deemno missten déi zwielef Ariichtunge fir betreit Wunnen en Agrément beim Familljeministère ufroen a verschidde Konditiounen erfëlle fir dësen ze kréien, wéi d'Wort dat och gemellt hat. D'Strukture géifen och vum Familljeministère kontrolléiert ginn.