Radioen

On air

Notturno  |  Jaakko Eino Kalevi - Galactic Romance Feat. Yu-Ching Huang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Copyright-Direktiv: Mat oder ouni Filter?

Droit d'auteur

Copyright-Direktiv: Mat oder ouni Filter?

D'Europaparlament setzt sech dofir an den Droit d'auteur ze verschäerfen. An Zukunft sollen Online-Plattformen de Contenu, dee vu User eropgeluede gëtt, iwwerwaachen a filteren. Dat soll duerch automatesch Upload-Filtere geschéien an ass ëmstridden. Kritiker schwätze vun Zensur, well déi Filteren net ënnerscheede kënnen, ob ee User wierklech géint den Droit d'auteur verstéisst. Et schéngt, wéi wann ee fräien Internet der Protektioun vun Auteure géintiwwer stéing.

auto_stories

3 min

D'Opreegung am Netz ass grouss. Youtuber wéi den Däitsche LeFloid maache mobil géint d'Pläng, déi do zu Bréissel ausgeheckt ginn. D'Kritik riicht sech virun allem dogéint, datt an Zukunft Online-Plattforme sollen de Contenu, dee vu Useren eropgeluede gëtt, via "Upload-Filteren" iwwerwaachen a filteren. Doduerch soll verhënnert ginn, datt Texter, Filmer oder Biller publizéiert ginn, op déi ee Copyright ass.

Fir de LeFloid ass dat "en Albdram", déi nei Reegel géif der Zensur am Internet d'Dieren opmaachen. Manner dramatesch mee net manner kritesch gesinn dat verschidden Europadeputéiert.

Illegale Contenu erkennen

De Problem ass fir si den Automatismus vun der Software, een Algorithmus kann net wierklech erkennen, ob ee User ee Contenu wierklech illegal benotzt oder net, seet den Europadeputéierten Tiemo Woelken, däitsche Sozial-Demokrat. Och d'Julia Reda vun der Piratepartei hält näischt vun deene Filter.

Ganz anescht gesäit dat de Chrëschtdemokrat Axel Voss. Hien ass Rapporter am Parlament vum neie Gesetz, hien huet sech fir déi nei Regelen agesat - an och gewonn. An der juristescher Kommissioun huet sech eng Majoritéit fir seng Propose ausgeschwat.

Den Axel Voss schwätzt net vun "Uploadfilter" mee léiwer vun enger Erkennungs-Software. Déi géif et och schonn zanter Jore ginn, seet hien.

Responsabilitéit iwwerhuelen

Bei de neie Regele géif et drëm goen, datt Plattforme méi Responsabilitéit iwwer de Contenu, deen si verbreeden, iwwerhuelen. Dofir muss eng gewëss Kontroll agefouert ginn. Well et géif den Ament eng Schiflag zu Gonschte vun de Plattformen an zum Nodeel vun Auteure gëtt, seet den Axel Voss. Vun der Reform betraff wieren awer just déi Plattformen, déi effektiv mat Contenu schaffen, op deem ee Copyright ass. An dat wieren der net vill.

Den Tiemo Woelken schätzt d'Situatioun anescht an. Fir hien ass et juristesch onkloer, wie wierklech betraff ass. D'Definitioune si senger Meenung no net präzis genuch. Si kënnen dat och vläicht net sinn. Den Axel Voss schléisst selwer net aus, datt et zu Problemer komme kann, a Bäiträg geblockt ginn, déi guer net géint den Droit d'Auteur verstoussen.

D'Kritik betrëfft awer net nëmmen esou Filteren, et geet och em den Artikel 11, dee festleet, ënner wéi enge Konditiounen ee Link op ee geschützte Contenu an engem Bäitrag opdauchen dierf. Editeure géifen de neie Regelen no Lizenzen un d'Plattforme verginn an dofir Suen akasséieren.

Déi nei Regel ass vläicht net déi bescht, dat gëtt den Auteur vum Text, den Axel Voss zou. Et léich awer den Ament keng besser um Dësch.

Eng Petitioun géint d'Direktiv

De Youtuber LeFloid huet an der Tëschenzäit iwwer 250.000 Ënnerschrëfte gesammelt, vu Leit, déi géint d'Gesetzreform protestéieren. Fir hien ass kloer, datt déi déi dat Gesetz geschriwwen hunn, net verstan hunn, wéi d'Netz funktionéiert. Den Axel Voss sengersäits seet, d'Kritiker hätten d'Gesetz net richteg gelies.

Normalerweis stéing d'Positioun vum Parlament mat dësem Vott an der Kommissioun fest. Wann awer genuch Ënnerschrëften zesummekommen, kënnt dee ganzen Text nach an d'Plenière - an do kann en dann och nach geännert ginn.

Fir Youtuber wéi LeFloid Grond genuch, weider am Netz géint dat neit Copyright-Gesetz mobil ze maachen.