Onprezis an inkoherent Dispositiounen, vag respektiv feelend Definitiounen, juristesch Onsécherheeten, esou d'Kriticke vum Staatsrot.
Trotz sëllege formellen Oppositiounen ass déi zoustänneg Ministesch Corinne Cahen net der Meenung, datt hire Ministère seng Hausaufgaben net gutt gemaach hätt. De Conseil d'État hätt just Prezisioune gefrot, an dat wieren och richteg Froen, gëtt d'Corinne Cahen zou.
"Do ass [de Staatsrot] total a sengem Roll, an et ass elo un eis fir dorobber ze äntweren. Mee d'Philosophie vum Gesetz, de Fong vum Gesetz, deen ass vum Staatsrot iwwerhaapt net a Fro gestallt."
A sengem Avis wëllt de Staatsrot beispillsweis ënner anerem wëssen, wéi eng Formatiounen d'Personal gemaach muss hunn.
Den Text gëtt op de Leescht geholl
De Familljeministère wäert an de nächste Wochen op déi verschidden Oppositiounen agoen a warscheinlech deelweis och Propose vum Staatsrot iwwerhuelen, seet d'Corinne Cahen.
D'Familljeministesch wollt kee geneeën Datum fir dës Ännerunge soen, hofft awer, datt een dem Staatsrot virum Summer en neien Text kéint proposéieren. Si hofft, datt d'Gesetz nach dëst Joer an der Chamber gestëmmt ka ginn.
Datt de Gesetzesentworf no den Oppositioune vum Staatsrot op sëllege Punkte muss iwwerschafft ginn, fält ongënschteg. Besonnesch nodeems viru kuerzem Revelatiounen iwwer gravéierend Mëssstänn an Alters- a Fleegeheemer opgedeckt goufen, déi vum Grupp Orpea a Frankräich bedriwwe ginn.
Grupp Orpea: Sech un d'Gesetzer halen
Dëse Grupp ass aktuell an der Prozedur fir en Haus zu Märel opzemaachen, de Ministère misst sech hei awer op déi aktuell Gesetzestexter baséieren, ënnersträicht d'Corinne Cahen am 100,7-Interview. "Dat heescht, mir kënnen do net willkürlech Decisiounen huelen."
An engem Buch huet de Journalist Victor Castanet Mëssstänn an de privaten Altersheemer vum franséische Grupp opgedeckt. D'Corinne Cahen hätt dat Buch gelies an hätt bei verschidde Saachen och "de Bauch wéi", seet si am 100,7-Interview.
"Mee mir mussen natierlech och kucken, datt d'Sue vum Steierzueler anstänneg investéiert ginn. Orpea huet net gefrot fir e Kofinanzement vum Haus ze kréien. Mir finanzéieren do näischt, guer näischt als Staat."
Orpea hätt eng Rei Dokumenter nogereecht an d'Äntwert vum Ministère géif "dans les meilleurs délais" formuléiert ginn, preziséiert d'Corinne Cahen. De Grupp Orpea bedreift an 23 Länner iwwer 1.150 Alters- a Fleegeheemer mat méi ewéi 116.000 Better.