Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Blood, Sweat & Tears - Spinning Wheel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corinne Cahen: Deirecht-Zoulag soll reforméiert ginn

Allocation de vie chère

Corinne Cahen: Deirecht-Zoulag soll reforméiert ginn

Duerch d'Reform kéinten zéng Prozent méi Stéit mat Kanner d'Deirecht-Zoulag kréie wéi d'lescht Joer, seet d'Familljeministesch. Och op Gemengenniveau kéinten d'Beneficiairen zousätzlech Bäihëllefe kréien.

auto_stories

2 min

Corinne Cahen

Déi sougenannt "Allocation de vie chère" ass fir Stéit mat engem niddregen Akommes, déi zënter op d'mannst zwielef Méint hei am Land wunnen. Jee no Zuel vu Persounen am Stot ass et ee Montant vun 1.320 bis 2.640 Euro d'Joer. Elo sollen d'Critèren esou geännert ginn, datt méi Stéit an de Genoss vun där finanzieller Hëllef kommen, seet d'Corinne Cahen.

"Mir hunn decidéiert, datt mir d'Prestation familiale, also alles wat Kannergeld ass, net méi mat arechnen. Fir ze kucken, ob een déi allocation vie chère zu gutt huet, oder net."

An anere Wierder, kéinte bal 2.200 Menagë mat Kanner zousätzlech d'Zoulag an Zukunft kréien, esou d'Ministesch. Dat wieren zéng Prozent méi Stéit wéi d'lescht Joer. Iwwer 21.000 Stéit hätten d'lescht Joer d'Allocation vie chère kritt, dorënner iwwer 16.700 Stéit mat Kanner. D'Zil wier et, do "ze hëllefen, wou Hëllef am néidegsten ass". Dat heescht och fir d'Kanneraarmut ze bekämpfen. Um Barème soll sech allerdéngs näischt änneren.

Interview Corinne Cahenplay_arrow

Zousätzlech Hëllef op Gemengenniveau

D'LSAP hätt sech dofir agesat, fir ënnert anerem mat der Reform vun der Deirecht-Zoulag ee sozialen Akzent beim Staatsbudget 2018 ze setzen. Dat seet den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry. A sengen Ae wier et wichteg, datt méi Stéit vun där staatlecher Bäihëllef kënne profitéieren. Ma och vill Gemenge géifen zousätzlech finanziell Hëllefe ginn.

"An déi sinn dacks un déi staatlech Allocation de vie chère gekoppelt. Dat heescht, wa beim Staat de Krees vun de Beneficiairen erop geet, da kréien déi Leit automatesch och zousätzlech Hëllefen a ville Lëtzebuerger Gemengen."

Eng zweet Optioun, déi a Regierungskreesser analyséiert gi wier, wier fir d'Allocation de vie chère erop ze setzen an de Krees vun de Beneficiairen net ze vergréisseren. Déi wier awer net zeréckbehale ginn. Am Dezember soll de Reglement du gouvernement en conseil iwwert d'Upassung vun der Allocation de vie chère an de Regierungsrot kommen. Am Prinzip kéint d'Reform dann den éischte Januar d'nächst Joer a Kraaft trieden.

Reaktioun Alex Bodryplay_arrow