Radioen

On air

De Weekend  |  Tagua Tagua - Pra Trás

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corinne Cahen: Kontrolle vun Orpea virgesinn

No provisoreschen Agrément fir Orpea

Corinne Cahen: Kontrolle vun Orpea virgesinn

En Altersheem vum Groupe Orpea dierf zu Märel seng Dieren opmaachen. Haut koum den Agrément Provisoire vum Familjeministère. D'Mëssstänn, déi am Buch "Les Fossoyeurs" opgedeckt goufe maache ville Leit Suergen. D'Ministesch Corinne Cahen ass awer zouversiichtlech.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Ocean Production

Lauschterenplay_arrow


Wärend den ëmstriddene Konzern an de leschten Deeg schonn erëm an der franséischer Press wéinst Skandaler present war, krut Orpea elo eng virleefeg Erlabnis, fir och hei zu Lëtzebuerg eng Struktur opzemaachen.

Wat de Journalist Victor Castanet ugangs des Joers beschriwwen huet klengt schrecklech: net genuch Personal, net genuch Iessen an d'Residenten an den eegenen Exkrementer sëtze gelooss. Fir datt dat hei zu Lëtzebuerg net geschitt, sollen eng Rei Kontrolle vum Ministère a vun der Assurance Dépendance duerchgefouert ginn.

"Do gëtt et en Personalschlessel. Do gëtt dann och gesot dass d'Personal en B1-Niveau am Lëtzebuergeschen muss hunn no enger gewësser Zäit."

D'Gesetz géif och virgesinn, datt 40 Prozent vum Personal Formatiounen an de Beräicher Palliativmedezin a Psycho-Gériatrie musse maachen.

Obligatoreschen Ethikrot

Wichteg ass dem Familljeministère och, datt all d'Decisiounen am Altersheem hei zu Lëtzebuerg onofhängeg vum franséische Konzern geholl ginn. D'Familljeministesch ass zouversiichtlech, datt an der Struktur hei zu Lëtzebuerg uerdentlech geschafft wäert ginn. Allgemeng soll sech an den Altersheemer hei am Land méi ëm den ethesche Volet gekëmmert ginn, sou nach d'Corinne Cahen. Dofir soll an all den Haiser en Ethikrot obligatoresch ginn.

Wann d'Personal d'Konditioune vun de Formatiounen erfëllt kéint d'Haus an engem Joer den definitiven Agrément kréien. Mee och da solle weider Kontrollen duerchgefouert ginn. Wéini genee d'Altersheem zu Märel opmécht a fir wéi vill Pensionäre Platz ass, konnt Orpea nach net soen.