Op d'Fro, ob awer all Oplockerung zu all Moment nees kéint réckgängeg gemaach ginn, wann et sollt néideg sinn, sot si just, datt si dovun ausgeet, datt d'Liewen, esou laang keng Impfung oder e wierksaamt Medikament do wier, warscheinlech "net dat selwecht" wier, wéi virdrun.
"An do musse mer alleguer Gestes barrièren aplangen an eisem Liewen: Et geet eben net méi, datt mer esou no openee kommen, fir dee Virus eben net ze séier ze iwwerdroen. Do musse mer Geste barrièrë maachen, do hu mer eis och dru gewinnt, d'Hänn vläicht nach méi dacks ze wäschen, ze desinfizéieren asw."
Fir de richtege Wee aus dem Confinement ze fanne steet d'Regierung am Moment och an enkem Kontakt mat den Autoritéiten an eisen Nopeschlänner, sou d'Familljeministerin, déi sech an der Regierung och ëm d'Groussregioun këmmert.
Iwwerleeunge fir Mesuren och a Fleegeheimer opzelockeren
Ronn een Drëttel vun de 67 Covid-19-Doudegen, déi bis ewell hei am Land gezielt goufen, wieren an Alters- a Fleegeheimer gestuerwen, sou d'Familljeministerin. Allerdéngs géif et och ëmmer nees Fäll gi vu Covid-19-Kranken an Institutiounen, déi nees gesond ginn. Oder vu Persounen, déi infizéiert sinn, awer keng Symptomer hunn. An deem Sënn wier eng Infektioun mam Virus net automatesch en Doudesurteel fir eeler Leit, sou d'Corinne Cahen.
"D'lescht Woch an engem Alters- a Fleegeheem sinn Tester gemaach gi vun enger ganzer Wunngrupp. Do sinn dräi Covid-19-Positiver derbäi gewiescht, déi awer guer kee Symptom hunn. Just fir Iech ze soen, datt et dat och gëtt bei den eelere Leit. Dat heescht, et ass net en Doudesurteel."
Et géif am Moment vill doriwwer nogeduecht ginn, wat an den Alters- a Fleegeheimer kann ënnerholl ginn, fir déi streng Isolatioun vun den eelere Leit e bëssen opzelockeren, sou d'Corinne Cahen. Dat géif natierlech awer näischt un der ieweschter Prioritéit ännere fir d'Gesondheet vun alle Bewunner an deene Strukturen ze schützen. Leit mat Demenz wieren an deem Kontext eng besonnesch Erausfuerderung, sou d'Corinne Cahen.