Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lucy Echo - Fire Burning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corinne Cahen: Situatioun an Alters- a Fleegeheemer "ganz roueg"

Fleegesecteur

Corinne Cahen: Situatioun an Alters- a Fleegeheemer "ganz roueg"

42 Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer ware - Stand Dënsdeg den Owend - Covid-19-positiv. D'Situatioun wier "am Fong ganz roueg, virun allem am Verglach mat der Gesamtpopulatioun", sou d'Corinne Cahen de Moie bei der Presentatioun vun den Zuelen. Vun dësen 42 Bewunner wier "kee wierklech krank", huet déi zoustänneg Ministerin betount. D'Majoritéit vun dëse Leit hätt iwwerhaapt keng Symptomer.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow

Déi betraffe Bewunner wieren der Ministerin no, "duerch Zoufall" positiv getest ginn: an den Alters- a Fleegeheemer géifen "extreem vill" Tester gemaach ginn, esou d'Corinne Cahen. E puer mol d'Woch géife Schnelltester gemaach, all zwou bis dräi Woche gëtt e "Large Scale" Test gemaach, wou d'Personal an d'Bewunner getest ginn. Esou kéint een och déi eng oder aner Infektioun detektéieren, ochn wann den Infizéierten asymptomatesch ass.

D'Corinne Cahen huet vun enger "gudder Nouvelle" geschwat, datt d'Impfunge géife wierken, och par Rapport zu der Omikron-Variant vum Corona-Virus.

Aus de leschte Woche wiere ganz wéineg Fäll vun Hospitalisatiounen oder Doudesfäll bekannt, vu Leit aus engem Altersheim, esou den Dr. Joël Mossong vun der Direktioun vun der Santé. Och hien ass der Meenung, datt d'Impf- respektiv d'Booster-Campagne e groussen Impakt op d'Zuelen an dësem Secteur hätten.

Keng Zuelen iwwer aktiv Infektiounen an Impftaux am Secteur

Zuele wéi vill aktiv Infektiounen et de Moment beim Personal aus den Alters- a Fleegeheemer ginn, konnten haut weder d'Ministerin nach den Expert nennen. An och net den Taux wéi vill Prozent vum Personal an der Tëschenzäit geimpft sinn. Den Dr. Joël Mossong huet vu "verschiddene Problemer mat den Zuelen" geschwat.

Vill Leit an deem Secteur géifen aus dem Ausland schaffe kommen a wieren dofir och do geimpft ginn. Dofir hätt een de Moment nach keng richteg Donnéeën. "Mee dat wat mer wëssen, vun de Leit, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, an deem Secteur, si 60 Prozent geboostert (...) An dat ass relativ héich par Rapport zu anere Secteuren", sou de Joël Mossong.

Am Gesondheets-Secteur si 66 Prozent vum Personal geboostert, huet den Expert an der Sitzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun de Moie preziséiert.

D'Ministerin Corinne Cahen huet nach betount, datt d'Zougangsbestëmmunge fir Visiteure vun Alters- a Fleegeheemer verstäerkt goufen: et gëllt de Covid-Check-Regime 3G an zousätzlech muss obligatoresch all Kéier een Auto-Schnelltest op der Plaz gemaach ginn.