De Begrëff Chèque Psy ass ierféierend. Et handelt sech heibäi net ëm e Carnet voller Bongen, mat deenen d'Studenten a Frankräich gratis bei de Psycholog goe kennen. Frankräich wier net Frankräich, wann et net och hei bürokratesch Hürde géif ginn.
Wann e Student gratis an d'Therapie wëllt, muss ee fir d'éischt bei den Dokter. Deen entscheet dann, ob de Student effektiv bei e Psycholog goe muss oder net. Falls jo, ka sech de Student vun enger Lëscht een Therapeut eraussichen, deen de Chèque Psy unhëlt.
Fir de Moment ginn déi Lëschten awer nach zesummegestallt. Et kann also nach gutt e Mount daueren, bis datt déi éischt Studenten sech effektiv psychologesch behandele loosse kënnen.
Frankräich reagéiert spéit
Dat ass net grad séier, wann ee bedenkt, datt laut enger Etüd vum Observatoire National de la Vie Étudiante sech all zweete Student a Frankräich eleng fillt an all drëtte Symptomer vu psychologeschem Stress opweist. Zwar huet all Student d'Recht op de Chèque Psy, onofhängeg vu senger Nationalitéit a senger finanzieller Situatioun - besonnesch innovativ ass dës Mesure trotzdeem net.
Zu Lëtzebuerg kënne Studenten zanter laangem beim CePAS eng gratis Therapie ufroen. An Däitschland leeft dat änlech. Frankräich ass deemno einfach nëmme spéit drun.
Mee besser spéit wéi ni! De Chèque Psy bleift e wichtege Schrëtt fir déi psychologesch Gesondheet. Dowéinst ass et och onwarscheinlech, datt dës Pandemie-Moossnam spéider nees ofgeschaaft wäert ginn. Op d'mannst mussen d'Studente keng 40 Euro d'Stonn méi bezuele, wa si hir mental Problemer behandele loosse ginn.
Aner Secteure kéinten och Therapie gebrauchen
D'Pandemie ass awer och fir aner Léit schwéier ze erdroen: Kënschtler, Fleegepersonal an den Horsca kéinten de Chéque Psy sécherlech och gebrauchen. De franséische Staatspresident Emmanuel Macron gräift awer fir d'éischt de Studenten ënner d'Äerm, wat virun allem eng Walstrategie ass. An annerhallwem Joer sinn hei Presidentewalen, an den 43-Joer allen President ka sech keng Perte bei senger jonker Wielerschaft leeschten.
Onofhängeg vu Walstrategien huet Frankräich dës Woche sécherlech e wichtege Schrëtt a Richtung psychologesch Gesondheet gemaach. Vun engem ausgetüftelte System, deen dës Krankheeten eescht hëlt, kann een allerdéngs net schwätzen.