Radioen

On air

Notturno  |  Seed To Tree - Lack Of Proportion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corona-Virus: 17 Doudesaffer confirméiert

Gesondheet

Corona-Virus: 17 Doudesaffer confirméiert

Den neie Coronavirus suergt weltwäit fir Onrouen. D'Weltgesondheetsorganisatioun souz de Mëttwoch zu Genf zesumme fir ze beroden, ob en internationalen Noutstand deklaréiert gëtt, well de Virus vu Mënsch op Mënsch kann iwwerdroe ginn. A China sinn antëschent iwwer 540 Fäll a 17 Doudesaffer confirméiert. Den Imperial College vu London, deen Infektiounskrankheeten analyséiert, geet an engem Rapport vun enger Donkelziffer vu ronn 4.000 infizéierte Persounen aus.

auto_stories

3 min

De Markus Ollert vum LIH

Déi chinesesch Stad Wuhan gouf an tëschent praktesch komplett fir d'Baussewelt gespaart. All Fluch-, Zuch-, Bus- a Schëffsverbindunge goufe gestoppt. D'Awunner goufen opgefuerdert d'Stad net ze verloossen. Och d'Stied Huanggang an Ezhou, net wäit ewech vu Wuhan gouf a Quarantän gesat. Ronn 20 Millioune Mënsche si vun de Restriktiounen an den dräi Stied concernéiert.

D'Fuerscher vum Imperial College ginn dovun aus, datt d'Inkubatiounszäit vun deem neie Virus bei fënnef bis sechs Deeg läit. Éier d'Krankheet ausbrécht, géifen awer nach véier bis fënnef Deeg weider vergoen. Et geet een dovun aus, datt e säin Ursprong op engem Déieremaart zu Wuhan huet.

Et wier den Ament awer nach schwéier anzeschätzen, wei geféierlech de Virus wierklech ass, sou de Markus Ollert vum Lëtzebuerger Gesondheets Institut. Den Direkter vum Departement fir Infektiouns- an Immunerkrankunge seet awer, datt ee sech op eng méiglech Epidemie sollt virzebereeden.

Enn Dezember gouf fir d'éischte Kéier den neie Coronavirus an der Wuhan-Regioun, am Zentrum vu China, detektéiert. Zanterdeem gouf de Virus vu China aus a fënnef weider Länner iwwerdroen. Dat a Japan, Südkorea, Thailand, Taiwan an den USA. Och Europa kéint deemnächst dru kommen, seet de Markus Ollert. Den entspriechende Risiko gouf vum Europäeschen Zentrum fir Krankheetskontroll a Preventioun vun Infektiounskrankheeten, vun "niddereg" op "moderat" eropgestuuft, sou den Direkter fir Infektiouns- an Immunerkrankungen vum Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut. Den neie Corona-Virus wier bis elo awer scho séier erfuerscht ginn. Bannen zwou Woche gouf déi genetesch Sequenz vum Virus opgekläert, an et hätt ee festgestallt, datt en zu ronn 80 Prozent identesch mam SARS-Virus ass.

Viru ronn 18 Joer hätt de sougenannte SARS-Virus eng weltwäit Epidemie an iwwer 20 Länner ausgeléist. Seng Originnen hat dëse Virus och a China. Fir e weidert Iwwerdroe vum Virus ze stoppen, wier et deemno wichteg a China de Virus ënner Kontroll ze kréien an den internationale Fluchverkéier méi staark ze kontrolléieren.

Dem Markus Ollert no hätte Leit, déi schonn aner gesondheetlech Problemer hunn, oder un engem méi schwaachen Immunsystem leiden, ee méi grousse Risiko vum Virus ugestach ze ginn. Et sollt een deemno an nächster Zäit gutt op d'Hygiène oppassen a vermeiden an d'Risikoregiounen ze fléien.

Datt de Virus bis elo awer sou séier erfuerscht gouf, wier e positiivt Zeechen. Hien ass zouversiichtlech, datt d'Gesondheetsautoritéite vun all de bedeelegte Länner gutt zesummeschaffen, sou datt een den Ausbroch vun dësem Virus vill méi séier wäert kënnen ënner Kontroll kréie wéi d'SARS-Epidemie 2002 an 2003.

Den Ament wier awer nach onkloer, wéi héich de Risiko besteet, um Coronavirus ze stierwen. Beim SARS-Infektioun wieren deemools néng bis zéng Prozent vun den infizéierte Mënsche gestuerwen.

Impfungen oder direkt Behandlungstherapië géint den neie Virus géif et awer op jiddefalls nach net ginn, sou nach den Markus Ollert vum LIH.