Radioen

On air

De Weekend  |  Otis Redding - Shake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Präis fir Pëtrol geet erof

Coronavirus

De Präis fir Pëtrol geet erof

Um Pëtrolsmarché sinn d'Präisser haut ganz staark gefall. Beim Pëtrol aus dem Nordmier a beim US-Pëtrol sinn d'Präisser ëm all Kéier ronn 30 Prozent zeréckgaangen: dat ass - a Prozenter - de stäerksten Abroch zanter dem Golfkrich am Joer 1991. Domat sinn d'Präisser op deen déifsten Niveau zanter Ufank 2016 gefall.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Dat wier eng Konsequenz vum Ausbreede vum neiaartege Coronavirus, huet de President vum Groupement pétrolier Romain Hoffmann erkläert. D'Demande no Pëtrolsproduite wier wäit erofgaangen, wéinst der Situatioun a China an an Norditalien.

D'OPEC, d'Organisatioun vun de Länner, déi Pëtrol exportéieren, hätt d'Produktioun d'lescht Woch eigentlech wëllen drosselen, mee Russland hätt dat net wëlle maachen, seet de Romain Hoffmann. D'OPEC hätt doropshin annoncéiert, datt si nach méi wéilte produzéieren, an dat hätt dozou geféiert, datt d'Präisser erofgaange wieren.

Impakt op Lëtzebuerg

Och hei am Land wäerten d'Präisser vun Diesel a Bensin an den nächsten Deeg "zimmlech staark" erofgoen: domat rechent den Administrateur délégué vun ARAL Lëtzebuerg Romain Hoffmann.

Eng konkret Aschätzung, wéi een Afloss op déi national Wirtschaft dat weidert Ausbreede vum neiaartege Coronavirus wäert kréien, kann de President vum Groupement Petrolier nach net maachen. De Moment hätt een nach keng Chifferen an et misst een ofwaarden, wéi d'Situatioun mam Coronavirus zu Lëtzebuerg géif weidergoen.

De Präis fir e Barrel Brent ass haut op ënner 33 US-Dollar gefall: dat waren iwwer 12 Dollar manner wéi e Freideg fir déi 159 Liter. D'Pëtrolspräisser sinn domat haut op den déifsten Niveau zanter Ufank 2016 gefall.