Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corps Médical: Voll Konzentratioun op d'Corona-Pandemie

Gesondheetswiesen

Corps Médical: Voll Konzentratioun op d'Corona-Pandemie

Wéinst der Corona-Pandemie reduzéiren d'Dokteren hir programméiert Consultatioune an hire Cabineten, sou den Dr. Philippe Wilmes. Dem Vizepresident vun der AMMD no géif de Corps Medical sech den Ament just op d'Corona-Pandemie konzentréieren.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


D'Patiente géifen als éischt bei hiren Dokter uruffen, an da géif zesumme gekuckt ginn, wéi et weidergeet, erkläert de Philippe Wilmes. "An hien decidéiert mat sengem Dokter zesummen, ob dee Problem, deen hien huet et noutwendeg mécht, fir bei den Dokter an de Cabinet ze kommen, oder ob e kann à distance iwwer d'Télé-Medezin gereegelt ginn." Eventuell misst de Patient eventuell an eng vun den neie Maisons medicales, déi haut opgaange sinn. Verschidden d'Dokteren hätten elo manner Aktivitéit an hirem Domaine. Si hätten da méi Sputt fir sech op d'Bekämpfung vum Coronavirus ze konzentréieren. De finanzielle Verloscht, deen doduerch kéint fir déi eenzel Dokteren entstoen, stéing net un éischter Plaz.

"Wichteg wier elo, datt verhënnert gëtt, datt et zu enger Katastroph fir d'Populatioun gëtt. Dat huet de Corps médical momentan op der Agenda. An alleguer déi aner Saachen, dorunner denke mer bis elo mol net. Mir ginn dovun aus, datt een alles gereegelt kritt, wat ze reegelen ass, wann dat heiten eriwwer ass."

An de Klinicke géifen d'Doktere jee no Spezialisatioun och a verschidden Ekippen agedeelt ginn, fir géint de Coronavirus ze kämpfen, erkläert nach de Philippe Wilmes.

Ënnerstëtzung duerch d'Télé-Medezin

Zanter ufangs der Woch ass och d'Télé-Medezin en Place. Dat wier d'Urgence d'lescht Woch decidéiert ginn, erkläert de Philippe Wilmes. Doduerch kéint en Dokter elo e Krankeschäin ausstellen, ouni de Patient mussen ze gesinn. Och an de Spideeler géif un enger telemedezinescher Solutioun geschafft ginn.

An enger zweeter Phas soll d'Télé-Medezin da mat der Gesondheets-App verbonne ginn. Dat géif e vertraulechen Austausch tëschent dem Patient an dem Dokter erméiglechen.