Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COSL frou iwwer d'Ewechfale vu Restriktiounen

Sport

COSL frou iwwer d'Ewechfale vu Restriktiounen

De Comité Olympique begréisst, dass mam neie Covid-Gesetz all Restriktioune fir de Sport (fir d'Athleeten) ewech falen, sou de COSL-President André Hoffmann. D'Coronakris huet de ganze Sportsbetrib wochelaang un d'Hale bruecht, wat och finanziell Konsequenzen hat. Keng Competitioune méi, wou Leit Entrée bezuelt hätten, sou datt de Sponsoring fir eenzel Veräiner a Verbänn déi eenzeg Recette war. Allerdéngs haten déi Sponsore an där ganzer Zäit keng Visibilitéit.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow

Hien hofft, datt d'Sponsoren net ofsprangen, mee dofir misst een deenen eng Konterpartie bidde kënnen. "A wann en déi net kritt, da muss e sech natierlech iwwerleeën, ob en dat Geld weider zur Verfügung stellt." De COSL wier am Moment selwer an de Verhandlunge fir déi nächst fënnef Joer "an da gesi mer wéi d'Reaktioun ass", sou den André Hoffmann. Bis elo hätt een awer ganz vill Verständnis entgéint bruecht kritt.

De COSL hätt sech e bësse méi en nuancéierten Ëmgang mat de Reegele gewënscht. Si hätten nämlech net all Sënn gemaach.

"Et ass natierlech esou, datt an enger Hal de Risque net onbedéngt méi grouss ass jee nodeem wéi vill Leit do sinn. Dat ass jo awer e Rise-Volume. An och Competitioune sinn a verschiddene Sportaarten total ouni Kierperkontakt, hätte roueg also kënne stattfannen. Mee ech mengen et war der Einfachheet geschëlt, datt déi Regelen esou komm si wéi se ee Moment waren."

De President vum COSL bedauert awer och, datt de COSL als representatiivt Organ vum Lëtzebuerger Sport zu kengem Moment mat abezu gouf, wéi d'Decisiounen iwwer den Deconfinement ausgeschafft gi sinn. Den André Hoffmann ass sech bewosst, datt de Sport net dat éischt Theema an der akuter Phas konnt sinn.

"Dat hu mer alleguer och gutt verstanen, mir hunn eis relativ zréckgehalen am Ufank. Wéi et du bësse méi liberal ginn ass, wier et - mengen ech - gutt gewiescht wa mer méi agebonne gi wieren. Well mir ëmmer der Meenung waren: De Sport ass Deel vun der Léisung, an ass net en Deel vum Problem."

De COSL-President André Hoffmann mécht sech awer och Suergen, ob no där laanger Paus nees all aktiv Sportler an och all déi Benevollen am Ëmfeld nees urappen. Am Jugendsport misst sou séier wéi méiglech de Spill- an Trainingsbetrib erëm hirgestallt ginn.