Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Delphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik u Fonctionnement vu Covax

Corona-Impfungen

Kritik u Fonctionnement vu Covax

D'Covax-Initiativ, déi eng global gerecht Verdeelung vum Corona-Impfstoff garantéiere soll, funktionéiert an der Praxis net. Dat seet ënner anerem d'ONG Médecins sans frontières. Et géife u Finanzementer an u Leadership feelen an déi bürokratesch Hürde wieren ze grouss.

auto_stories

4 min

D'Iddi hanner der Covax-Initiativ wier gutt, eng gerecht Verdeelung vum Impfstoff wier wichteg fir d'Pandemie ze meeschteren. Impfnationalismus hätt awer d'Iwwerhand gewonnen, esou d'Kritik vu Médecins sans frontières.

D'Konsequenz: amplaz datt Covax eng Plattform wier fir Impfstoffer fir manner Geld ze kafen, hätt een elo ee System vun Almosen en place. Räich Länner géifen op fräiwëlleger Basis hire Surplus un Impfstoffer als Don u Länner vum globale Süde weiderginn, seet d'Esther Léick vun MSF.

Lauschterenplay_arrow

Dee gréisste Problem wier, datt Länner aus dem globalen Norde Covax géifen ëmgoen andeems se bilateral Accorde mat Pharmakonzerner negociéieren.

D'Verléierer dobäi wiere Länner mat schwaachem Akommes, esou Médecins sans frontières. Dës Länner hätte kee Choix, si missten iwwer Covax fuere fir un Impfstoffer ze kommen.

Mee de System hätt vill Schwächten: e wier lues, déi bürokratesch Hürde wieren ze grouss, et géif u Finanzementer feelen, et géife Problemer bei der Liwwerung a beim Stockage vun den Impfstoffer ginn. Doduerch géif et de Risiko ginn, datt d'Impfstoffer net méi benotzbar wieren, wa se am Zilland ukommen.

Regional Ënnerscheeder beim Impftaux

D'Weltgesondheetsorganisatioun schätzt, datt bis zum Schluss vum Joer 30 Prozent vun der globaler Populatioun geimpft wier. Momentan läit de globalen Impftaux bei 15 Prozent, mat ganz staarke regionalen Ënnerscheeder: a ville Länner vum globalen Norde läit den Impftaux bei 50 Prozent oder driwwer, wärend den Taux an akommesschwaache Länner bei 1,1 Prozent läit, esou d'Esther Léick vu Médecins sans frontières.

D'Perspektive fir eng méi gerecht Ëmverdeelung si schlecht: Däitschland, Israel a Frankräich negociéieren aktuell mat Pharmakonzerner ëm eng drëtt Booster-Dosis fir hir Bevëlkerung. MSF deelt deemno d'Fuerderung vun der Weltgesondheetsorganisatioun fir ee Moratoire op Impfstoffer. D'ONG rifft d'Länner op keng bilateral Accorde mat Pharmakonzerner ze negociéieren an zeréck zum urspréngleche Plang vum Covax-System zeréckzekommen.

EU: Wéineg Exporter u Länner mat niddregem Akommes

An der Diskussioun ëm den Zougang zu de Vaccinen ënnersträicht d'Europäesch Kommissioun dacks, d'EU hätt genee esou vill Vaccinen exportéiert, wéi se der fir déi eege Populatioun gehalen hätt. Déi exportéiert Impfstoffer ginn awer net onbedéngt un déi Länner, déi am meeschte Schwieregkeeten hunn u Vaccinen ze kommen.

Bis Ufank August 2021 hat d'Europäesch Kommissioun fir d'EU-Memberlänner bei siwe Produzente Kontrakter ënnerschriwwe fir sech 4,6 Milliarden Impfdosissen ze sécheren. 530 Milliounen Dosisse fir d'Memberlänner goufe geliwwert an eng 465 Milliounen Dosisse goufen och schonn an der EU verimpft, wéi d'Kommissioun op Nofro hi matdeelt.

Lauschterenplay_arrow

Vun Dezember d'lescht Joer un huet d'EU zousätzlech 600 Milliounen Dosissen an 130 Länner exportéiert. Dovunner si 496 Milliounen Dosissen an 53 Länner mat héijem a mëttel-héijem Akommes gaangen: iwwer 161 Milliounen Dosissen a Japan, bal 50 Milliounen Dosissen an d'Schwäiz an an d'Tierkei, bal 45 Milliounen Dosissen a Groussbritannien, iwwer 20 Milliounen Dosissen a Saudiarabien, ronn 18 Milliounen Dosissen a Korea a 16 Milliounen Dosissen a Kanada.

Eng 104 Milliounen Impfdosisse goungen u Länner mat méi niddregem Akommes, dovun eng 55 Milliounen Dosen iwwer Covax, deen dës Dosisse vun europäesche Produktiounssitte kaaft huet.

Memberlänner mussen Impfstoffer vum eegene Contingent ginn

D'EU hëlleft beim Finanzement vu Covax mat dräi Milliarden Euro, huet awer och versprach bis zum Enn vum Joer Covax 200 Milliounen Impfdosissen ze spenden. Fir datt dat Versprieche gehale ka ginn, mussen allerdéngs déi eenzel Memberlänner eppes vun hire Contingenten un Impfstoffer ofginn.

Bis elo hunn d'Memberlänner zesummen alles an allem eréischt 7,1 Milliounen Dosisse gespent. Dovu goufen 3,4 Milliounen iwwer den ziville Protektiounsmechanismus vun der EU verdeelt an 1,59 Milliounen Dosisse goungen u Covax. Bei deenen Zuele muss een ëmmer drun denken, datt ee bei deene meeschten Impfstoffer zwou Dosisse brauch, fir eng Persoun komplett ze impfen.