Radioen

On air

Resonanzen  |  Robert Schumann - Fünf Stücke im Volkston, Op. 102, I. "Vanitas Vanitatum" - Mit Humor - Cyrielle Golin (Cello), Antoine Mourlas (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-19-Gesetzer an der Virbereedung

Gesellschaft

Covid-19-Gesetzer an der Virbereedung

Och nodeems den Etat de crise spéitstens de 24. Juni ausleeft, sollen eng Réi vun de sanitäre Mesurë bestoe bléiwen. Dat fir wéinstens ee weidere Mount. Esou gesinn et zwee Gesetzesprojete fir, iwwer déi dëst Woch a verschiddene Chamberskommissiounen diskutéiert gëtt.

auto_stories

2 min

Den éischten Text riicht sech virun allem u Privatpersounen. Och nom 24. Juni kann e Stot dem geplangte Gesetz no nëmme sechs weider Leit bei sech heem alueden. Dobausse kënne sech maximal 20 Leit treffen. Rassemblementer zu méi wei 20, si nëmmen erlaabt, wann d'Leit fest Sëtzplazen hunn an tëscht dësen zwee Meter Ofstand ass. Eng Ausnam vun der Sëtzplaz-Reegel gëllt fir Demonstratiounen, Begriefnisser am Fräien a kulturell Aktivitéiten. Bei all deem gëllt grondsätzlech eng Maskepflicht, wa keng zwee Meter Ofstand méiglech sinn. Kanner ënner sechs musse keng Mask droen.

Bei Verstéiss géint dës Reegele si grondsätzlech Strofen tëscht 25 a 500 Euro méiglech. Wa Beamte vun der Police judiciaire eng Infractioun op der Plaz feststellen, gëtt et an éischter Linn en Avertissement an Héischt vun 145 Euro. Am Gesetzesprojet steet och, datt Infractioune vun der Police festgestallt a recherchéiert ginn. Wat déi Recherche beinhalt geet aus dem Text net ervir. D'Deputéiert vun der Majoritéit hu den Dëschdeg no der Gesondheetskommissioun awer gesot, datt keng Kontrollen a Privatwunnenge méiglech solle sinn.

Nei Befugnisser fir den Ditekter vun der Santé a Recours-Méiglechkeeten

Den Direkter vun der Santé kritt am Projet de Loi och d'Recht, noweislech infizéierte Persounen eng Isolatioun vun zwou Woche virzeschreiwen, déi awer zwee mol erneierbar ass. Wann dat bei der Persoun doheem net méiglech ass, ka si och an e Spidol oder eng aner gëeegent Struktur goen. Wa si dat net well - d'Persoun doheem awer e Risiko fir aner Leit bedeit - da kann de Procureur d'état och eng Zwangsaweisung an eng Klinick ordonéieren. Dës Entscheedung muss awer innerhalb vun 48 Stonnen vum President vum Tribunal d'Arrondissement bestätegt ginn.

Leit, bei deenen de Verdacht besteet, datt si ugestach kéinte sinn, sollen zu enger Woch Quarantän verflicht kënne ginn, mat engem Test no fënnef Deeg. Wann een den Test verweigert, gëtt d'Quarantän em eng Woch verlängert.

Géint all dës Mesurë si Recours-Méiglechkeete virgesinn.

Den zweete Projet de Loi betrëfft da virun allem professionell Acteuren. Spillplazen sollen zoubléiwen, an et sinn sanitär Mesuren fir Restauranten a Baren festgehale ginn. Commercen déi sech net drun halen, riskéieren eng Strof bis zu 4.000 Euro. D'Police ass och ugewisen, an deem Fall de betraffene Commerce bis zum Enn vun der Gültegkeet vum Gesetz zouzemaachen. Wann d'Gesetz wéi geplangt nom Enn vum Etat de Crise a Kraaft trëtt, wieren dës Commercë bis de 25. Juli zou.