Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Edsun - Until Tomorrow (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng institutionaliséiert Improvisatioun

Covid-19-Gesetzer

Eng institutionaliséiert Improvisatioun

Well haut um 24. Juni 2020 den État de Crise ausleeft, hu séier misse Gesetzer gestëmmt gi fir déi provisoresch Pandemie-Mesuren ze verlängeren. Eng Improvisatioun, déi der Qualitéit vun den Texter net guttdeet, fënnt den Affekot a Member vun der consultativer Mënscherechtskommissioun Fränk Wies am Fräie Mikro.

auto_stories

5 min

Den Affekot Frank Wies. Foto: Archiv

Haut leeft d'Noutstandsgesetz aus, dat zanter dem 21. Mäerz der Regierung erlaabt huet, Moossnamen ze ergräifen am Kader vun der Corona-Pandemie. Mesuren, déi eigentlech dem Parlament virenthale sinn. An dat fir séier ob déi sanitär Kris ze reagéieren, déi och iwwer eist Land ewech gefuer ass.

Den Ausnamezoustand ka laut Verfassung nëmme bis zu dräi Méint gëllen. Leider huet d'Pandemie net dee selwechte Verfallsdatum an dofir gëtt et an der Politik e breede Konsens, datt eng ganz Rei vun de Mesuren, déi provisoresch vun der Regierung geholl goufen, sollen a Form vun engem Gesetz weiderlafen.

Ze wéineg Zäit

De Problem dobäi ass déi wéineg Zäit, déi allen Acteure gelooss gouf fir dësen Text duerch déi legislativ Prozedur ze bréngen. Presentéiert gouf de Projet vun der Regierung den 29. Mee, esou datt der Chamber emol keng véier Woche bloufe fir den Text ze ënnersichen, ouni vun den Avisen ze schwätzen, déi am Virfeld vum Vott an der Chamber gemaach ginn.

Besonnesch bei engem Text, deen esou grondleeënd Froe betrëfft, wéi déi vun der Fräiheet ze goen, wéi a wou ee wëllt, oder och nach dem Schutz vun der Privatsphär, géif ee sech dach wënschen, déi politesch Responsabel hätten déi néideg Zäit, fir e gesond Gläichgewiicht ze fannen tëschent dem Agrëff a Grondrechter am Interêt vun der ëffentlecher Gesondheet an dem noutwendege Schutz vun den individuelle Fräiheeten.

Dat war hei net de Fall, an d'Qualitéit vun deem Pandemie-Gesetz huet däitlech dorënner gelidden. Wéi sot de fréiere Chamberspresident Di Bartolomeo et esou schéin: "en ass um Enn och net perfekt, mee et ass dat Bescht, wat mer konnte maachen an der Zäit (...)".

Datt den Text, deen elo gestëmmt gouf, huet missten iwwer de Knéi gebrach ginn, ass net d'Schold vun der Regierung, déi ze laang gewaart hätt fir en ze presentéieren, mee ass bedéngt duerch den Artikel 32.4 vun eiser Verfassung, deen d'Méiglechkeet vum État de crise op maximal dräi Méint begrenzt.

Wat als Garantie geduecht ass fir Regierunge mat schlechten Absichten an hir Schranken ze verweisen, huet den Nodeel vun deem Zäitdrock, deen entsteet, wann d'Kris méi laang wéi dräi Méint dauert.

Den État de crise erëm ausruffen?

Elo kéint een natierlech versicht sinn einfach den Noutstand op en neits auszeruffe fir méi Zäit ze gewannen. Dës Iwwerleeung gouf och scho vu verschiddene Responsabele gemaach, wéi zum Beispill der Presidentin vum Staatsrot oder dem leschte Spëtzekandidat vun der CSV.

Et ass awer eng falsch gutt Iddi, well de Grond fir den État de crise auszeruffe bleift jo am Fong ëmmer dee selwechten, an zwar d'Pandemie. Wann een also elo ob en neits den Noutstand ausruffe wëllt ouni dobäi d'Verfassung ze briechen, misst ee sech eng afale loosse fir en neie Grond ze fannen.

Et wier also getrickst fir d'Limitt vun den dräi Méint ze ëmgoen. Domat géif dann e geféierleche Prezedenzfall fir zukünfteg Krisen entstoen, well vergiesse mir net, den État de crise soll eng Ausnam sinn an enger Demokratie, an net zur Reegel ginn.

A mat der Vitess, mat där zu Lëtzebuerg d'Verfassung reforméiert gëtt, hu mir den Artikel 32.4 an senger aktueller Form nach laang. Et sollt een dofir esou wäit wéi méiglech vermeiden domat ze spillen an esou ze weisen, wéi een op länger Dauer enger Regierung kéint méi Pouvoire ginn.

Ee Gesetz fir d'Zukunft

Et bleiwen eigentlech just zwou Léisunge fir déi Improvisatioun ze vermeiden oder op d'mannst hir Konsequenzen esou kleng wéi méiglech ze halen.

Dat éischt wier déi vun der idealer Welt, an där de "Principe de précaution" net nëmmen e Slogan wier, mee och an der Politik géif applizéiert ginn. Mam Resultat, datt géif reegelméisseg en Inventaire gemaach gi vu Gesetzer, déi missten der haiteger Zäit ugepasst oder vu Lücken an eiser Gesetzgebung, déi missten zougemaach ginn.

Da bräicht een zum Beispill net op e Gesetz aus dem 19. Joerhonnert zeréckzegräife fir Quarantän-Moossnamen duerchzesetzen an duerno den État de crise auszeruffen, well dat aalt Gesetz nu mol net duergeet.

Dat wäert awer wuel Wonschdenke bleiwen an dofir bleift da just déi zweet pragmatesch Léisung. Elo op Däiwel komm eraus e Gesetz duerch d'Chamber ze peitsche virum Enn vum État de crise a sech dann awer drun ze setze fir e richtegt Pandemie-Gesetz ze huelen, dat och op zukünfteg sanitär Krisen ausgeriicht ass.

E Gesetz, dat virgesäit, wéi eng Moossname kuerzfristeg kënne geholl ginn, wann d'Ausbreede vun enger geféierlecher Krankheet duerch Agrëffer an déi individuell Fräiheete muss bekämpft ginn, mat alle rechtsstaatleche Garantien an ouni allkéiers missten den Noutstand auszeruffen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.