Et wier fir Médecins sans frontières absolut evident, fir aktuell alles drun ze setzen, fir d'Spidolspersonal am Kampf géint de Coronavirus ze ënnerstëtzen. Dat ënner anerem am Iran, mee och an Italien: do géif een aktuell hëllefen, datt d'Ekippen um Terrain net krank ginn, seet de Kommunikatiounsresponsabele vu MSF Lëtzebuerg, de Christophe Hebting. Déi Leit hätten net vill Zäit fir sech selwer - a géife riskéiere krank ze ginn.
Vun MSF Lëtzebuerg wieren awer aktuell keng Leit an anere Länner. "Dofir sinn eis Capacitéiten ze kleng", seet de Christophe Hebting. Hie weist awer drop hin, datt bei eis eng Ekipp de recherche aktiv ass, fir Informatiounen iwwer de Virus ze sammelen. Déi kënne gebraucht gi fir Etüden a wëssenschaftlech Artikelen iwwer de Coronavirus.
MSF fäert aktuell, datt déi regulär Projeten, déi si a verschiddene Länner lafen hunn, duerch d'Corona-Kris affektéiert ginn. Et wier awer wichteg déi oprecht ze erhalen, seet de Christophe Hebting vu MSF Lëtzebuerg.