Radioen

On air

Tockcity  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Covid-Kits" an den Altersheemer autoriséiert

Gesondheets- a Fleegesecteur

"Covid-Kits" an den Altersheemer autoriséiert

Zënter enger Woch sinn an den Alters a Fleegeheemer nees spezifesch Medikamenter autoriséiert fir Covid-19 oder suspekt Covid-19-Patienten, déi ganz staark ënner der Krankheet leiden an den Haiser ze behandelen. Wärend der éischter Well wieren et net genuch där Medikamenter ginn, seet d'Dokter Carine Federspiel. Elo wier een ekipéiert.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / CHOReograPH

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


Am sougenannte Kit-Covid vun der Santé wiere Medikamenter, déi normalerweis just an de Klinicken autoriséiert sinn, wéi zum Beispill Morphium, erkläert Generaldirektesch vun ZithaSenior a Vize-Presidentin vun der Copas. "Medikamenter fir de Wéi ze soulagéieren, fir Otemproblemer ze soulagéieren oder fir Mënschen, déi an enger palliativer Situatioun sinn."

Am Fall wou d'Santé och dës Kéier eng Rupture de Stock hätt, kéinten d'Apdikten aushëllefen, seet den Alain de Bourcy, President vum Apdikteschsyndikat. Et wiere Kontrakter gemaach ginn, déi den Apdikten e Stock géife garantéieren, well se relativ no un den Altersheemer dru sinn. "Do hu mir Kontakt mam Gesondheetsministère gehat, an do hëllefe mir gären", esou den Alain de Bourcy.

Mee éier den Dokter iwwerhaapt esou eng Ordonnance verschreift, géif individuell de Wonsch vun der aler Persoun gekuckt ginn, seet d'Carine Federspiel.

A ville Fäll huet déi eeler Persoun hir Direktiv de vie scho redigéiert a gesot, datt si net wëllt an eng Reanimatioun. An deene Fäll muss een dat respektéieren. Et ginn awer aner Leit déi soen, datt wa si krank ginn, da wëlle si datt alles gemaach gëtt an och eventuell an d'Spidol. Et ass also net fir si net an d'Spidol ze schécken, mee fir de Wonsch vun de concernéierte Patienten kënnen ze respektéieren, wann si gären an hirem Lieu de vie behandelt géife ginn.

Soll eng Persoun net méi selwer kënnen iwwer den Traitement decidéieren, géif déi designéiert Vertrauenspersoun, wann et dann eng gëtt, d'Entscheedung treffen, esou nach d'Carine Federspiel.