Corona-Pandemie Covid-Situatioun zu Lëtzebuerg: Mam Virus liewen

D'Infektiounezuele mat Covid-19 sinn den Ament méi oder wéineger konstant, seet de Paul Wilmes, fréiere Spriecher vun der Covid-Taskforce. Fir hien deit dat drop hin, datt eng gewëssen Immunitéit erreecht ass, déi et erlaabt, mam Virus ze liewen.

Sophie Schroeder / cbi

Covid-Mask
Foto: Bigstock / WESTOCK.IN

Lauschteren


De Paul Wilmes rechent mat kengem weidere Pic un Infektioune méi. D'Situatioun a China mécht awer gläichzäiteg Suergen, datt erëm nei Varianten entstinn.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no ass dat awer nach net de Fall, dat konnt och de Paul Wilmes confirméieren. Trotzdeem sollt een dat "detailléiert" am A behalen.

Et wier och wichteg, déi richteg Donnéeën ze hunn. D'WHO hätt China dozou opgeruff fir konkret a koherent Donnéeën ze publizéieren, nëmmen esou kéint een d'Situatioun richteg aschätzen a rausfannen, wéi een Impakt d'Situatioun a China op aner Länner an op d'Reesen hätt.

Vill Fäll a China

Datt déi staark Well a China grad elo entsteet, läit wuel um schlagaartegen Ophiewe vun den extreem strenge Covid-Mesuren a China, sou nach de Paul Wilmes. D'Fale vun deem engen Extrem an dat anert, an eng net effikass Impfcampagne hätt dozou gefouert, datt d'Immunitéit an der chineesescher Bevëlkerung relativ geréng bliwwen ass.

De Claude Muller vum Luxembourg Institute of Health fënnt et an deem Sënn wichteg, op der europäescher Säit gewësse Precautiounen ze huelen an zum Beispill Leit, déi aus China areesen, op de Covid-19 ze testen.

"Ech géif gären déi Leit testen, fir datt mir de Virus, deen déi Leit matbréngen, differenzéieren a charakteriséiere kënnen, fir datt mir wëssen, wat fir ee Virus do kennt, a fir eis dorop astellen ze kënnen."

Situatioun zu Lëtzebuerg: E Problem vum Eenzelen

D'Covid-Situatioun zu Lëtzebuerg schätzt de Claude Muller net méi als ee Problem vun der ëffentlecher Gesondheet an, mee als ee Problem vum Eenzelen, dee jiddweree fir sech geréiere muss.

Sech schütze kann een nach ëmmer am beschte mat enger Impfung. Am Sënn vun der Akzeptanz vun der Impfung géif de Claude Muller et och wichteg fannen, méi driwwer ze informéieren, ob déi Leit, déi op der Intensivstatioun gestuerwe sinn, geimpft waren oder net.

Méi zum Thema

Mask
Chamberdebatt

Wärend der Pandemie goufe wéinst der akuter Situatioun eng sëllege Gesetzer gestëmmt, fir déi nei sanitär Moossname ëmzesetzen ze kënnen. Ee Pandemie-Gesetz soll fir zukünfteg Pandemien ausgeschafft ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen