LCGB Grenziwwerschreidend Mobilitéit

Knapp 180.000 Frontaliere kommen all Dag iwwert d'Grenz op Lëtzebuerg schaffen. Eleng aus der Belsch sinn et der ronn 43.000. Den LCGB hat dowéinst eng Reunioun mam Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch iwwert déi grenziwwerschreidend Mobilitéit, fir iwwer méiglech Léisungen ze diskutéieren, fir d'Verkéierssituatioun am Land z'entlaaschten. Covoiturage an Télétravail stoungen do am Mëttelpunkt.

Paule Rodesch

20150805-mobiliteit-9085-1024x681.jpg

An der Diskussioun stoung ënnert anerem d’Iddi vun engem “Hub” fir Frontalieren, déi Télétravail maachen. De Premier Xavier Bettel hat a senger Ried iwwert d'Lag vun der Natioun scho vun esou enger Méiglechkeet geschwat, fir op déi Manéier den Trafic, op d'mannst am Zentrum vum Land, z'erliichteren.

Télétravail, dat heescht, datt ee vun doheem aus fir säi Betrib schafft. E System, deen ëmmer méi opkënnt, well en d'Méiglechkeet bitt, fir Privat- a Beruffsliewe besser mateneen ze verbannen. Besonnesch fir Grenzgänger ass dës Optioun intressant, well si net all Dag esou wäit musse fueren. Allerdéngs spillen am Ausland aner Gesetzer wéi zu Lëtzebuerg. An déi maachen d'Ëmsetzung vum Télétravail méi schwéier.

Manner Verkéier am Zentrum vum Land

Den Ament misste Frontalieren, wann si méi wéi 25% vun hirer Aarbechtszäit doheem géinge schaffen, an hirem Land Steiere bezuelen an do bei der Sécurité sociale ugemellt sinn, sou de stellvertriedende Generalsekretär vum Chrëschtleche Gewerkschaftsbond, Vincent Jacquet am 100,7-Interview.

D'Schafe vun engem Hub un der Grenz, zu Stengefort oder bei Sterpenich, géing engersäits d'Méiglechkeet bidden, fir den Télétravail weider auszebauen. Anerersäits kéinten déi Leit, déi dovunner betraff sinn, op deene Plaze schaffen, ouni datt si misste bis an hire Betrib am Zentrum vum Land fueren, an ouni datt si hire steierleche Statut vum Grenzgänger géife verléieren.

Soulaang et kee steierleche Kader fir déi Fronatliere géif, déi vun doheem aus wéilte schaffen, géif hie keng aner Léisung fir dëse Problem gesinn, sou de Vincent Jacquet.

Covoiturage op der Pannespur

Donieft proposéiert hien och d'Iddi vum Covoiturage op der Pannespur. D'Iddi derhannert ass déi, datt Leit, wann si zu méi am Auto sëtzen, dierfen op der Pannespuer fueren, fir méi séier virun ze kommen. Eng Mesure, déi et beispillsweis an den USA scho laang gëtt an déi och hei ëmmer nees opbruecht gëtt. D'lescht Joer hätt schonn de belsche Minister fir d'Mobilitéit, François Bellot, de Code de la route an déi Richtung geännert.

Den Ament géif eng Etude an der Belsch gemaach ginn, fir d'Faisabilitéit vun dëser Mesure ze préiwen. Vum Minister François Bausch hätt een iwwerdeems confirméiert kritt, datt och zu Lëtzebuerg esou eng Etude am gaangen ass.

Den LCGB géif esou e System begréissen, sou de Vincent Jacquet. D'Gewerkschaft hätt mam "Rapido" schonn eemol e Projet proposéiert, fir Bussen op der Pannespur fueren ze loossen. Dee wier allerdéngs net ëmsetzbar gewiescht, well d'Bussen ze breet wieren, an och d'Brécken net dofir adaptéiert wieren. De Ministère hätt sech awer ganz positiv zum Covoiturage op der Pannespur geäussert.

E geneeën Datum hätt den LCGB net genannt kritt, mee et wier awer domat ze rechnen, datt e Rapport iwwert d’Etude zum Co-Voiturage op der Pannespuer nach an den nächste Méint kéint erauskommen.

Méi zum Thema

FotoKäerjeng.JPG
Mobilitéit an de Gemengewahlen

D'Thema Mobilitéit dierft a ville Gemengen e Sträitpunkt tëscht de Parteien virun de Gemengewahle ginn. Zu Käerjeng ass ee sech parteiiwwergräifend eens, datt ee Contournement kéint hëllefen.

Jean-Claude Franck Kommentar
Etat de la Nation

D'Regierung huet mat der Ried zur Lag vun der Natioun gewisen, datt se an de leschte Joren dobäigeléiert huet, wéi ee sech gutt verkeeft. Inhaltlech huet d'Koalitioun sech net weider entwéckelt. E Kommentar.

Gare Pafendall.JPG
Arrêt Pafendall-Kierchbierg

Den Arrêt Pafendall-Kierchbierg bréngt Erausfuerderunge mat sech. D'Stater Gare muss ausgebaut ginn. Dummeldeng och, fënnt ee beim Syprolux. Ufanks wäerte wéineg Zich aus dem Süden direkt kënnen duerchfueren.

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen