Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Creos: sech un déi nei Besoinen upassen

Lëtzebuerger Stroumnetzer

Creos: sech un déi nei Besoinen upassen

D'Elektromobilitéit, den Ofbau vu fossillen Energien, den Zouwuess vun der Populatioun an nei Datenzentere si fir den Stroum- a Gasnetzbedreiwer Creos den Defi fir d'Zukunft. An enger Etüd vun 2018 iwwer den zukünftege Stroumkonsum analyséiert Creos, wéi ee sech un déi nei Besoine muss upassen.

auto_stories

3 min

Wéi kann de Stroum- a Gasnetzbedreiwer Creos d'Infrastrukturen un déi zukünfteg Besoinen upassen? Fir eng Aschätzung kënnen opzestellen, ginn an där Etüd den Energiekonsum vun der Industrie, dem Déngschtleeschtungssecteur an de Privatstéit, ënner d'Lupp geholl.

Méi genee geet et drëms, d'Spëtzekonsumwäerter anzeschätze fir d'Kapassitéit vum Stroumnetz auszebauen.

Creos baséiert sech engersäits op d'Vergaangenheet, gekoppelt un den Zouwuess, deen et bannen deene leschte Jore gouf. Et geet een dovun aus, datt et weiderhin ee Wuesstum vun den Aarbechtsplazen a vun den Awunner kéint ginn. Bei der Industrie sinn et haaptsächlech d'Demanden, déi d'Betriber agereecht hunn, wéinst dem Ausbau vun enger Aktivitéit oder der technologescher Ëmstellung.

Gréisser Defie ginn et och wéinst dem Ofbau vun de fossillen Energien, seet den Alex Michels, zoustänneg fir d'Netzentwécklung a fir de Projet Elektromobilitéit bei Creos. Haaptsächlech am residentielle Secteur, wou d'Hëtzen iwwer de Stroum fonctionnéiert. Et géifen och ëmmer méi elektresch Busser an Autoen zirkuléieren. D'Industrie géif momentan nach manner op Elektresch setzen, "well de Gas do nach dacks als Prozessgaz gebraucht gëtt, deen een nach net esou kann duerch Elektresch ersetzen", sou den Alex Michels.

Elektromobilitéit ass eng Chance

Den Institut Fraunhofer krut den Optrag eng Aschätzung vum Stroumkonsum bis 2050 auszerechnen. Aus där Etüd geet ervir, datt de Stroumkonsum ëm 12 Prozent bis 2040 kéint klammen, trotz de méi effizienten Technologien. Fir d'Industrie gëtt eng Baisse vu 5,7 Prozent bis 2050 virausgesot, fir d'Stéit wier et ee Plus vu 46 Prozent a fir den Déngschtleeschtungssecteur sinn et 28 Prozent méi.

Bei Creos geet et awer virun allem drëm d'Kapassitéit op d'Spëtzekonsumwäerter unzepassen, d'Elektromobilitéit ass dowéinst eng Erausfuerderung, seet den Alex Michels. Vum Volume hier géif d'Elektromobilitéit aktuell nach net sou vill ausmaachen. E problematesche Punkt wier erreecht, wann d'Leit alleguerten zum nämmlechten Ament luede géifen. D'Spëtzenzäit ass tëschent sechs an aacht Auer owes. "Dofir ass et fir eis engersäits ganz wichteg, datt d'Luede bei den Autoen doheem am beschten no zéng Auer ufänkt", seet den Alex Michels.

D'Elektromobilitéit ass awer och eng Chance, well während dem Dag d'Solarenergie eng Roll spillt. Wann een et géif fäerdeg brénge fir genuch Bornë fir d'Oplueden opzestellen, da kéinten déi Batterië genotzt gi fir den Iwwerschoss vun erneierbarem Stroum ze späicheren.

Aktuell Infrastruktur geet bis 2025 oder 2020 duer

Fir den Ament huet Creos ee Reseau vun 360 Opluetstatiounen installéiert. Un all Borne kënne sech zwee Autoen uschléissen.

Et ginn zu Lëtzebuerg fënnef Datenzentren, déi relativ vill Stroum verbrauchen, an déi dofir eng bestëmmte Kapassitéit u Stroum bei Creos ugefrot a reservéiert hunn. Si consomméieren déi Kapassitéiten awer net ganz.

Vill gouf iwwer den Datenzenter vu Google diskutéiert, deen zu Biisse kéint entstoen. Fir den Ament leit kee konkrete Projet vir. An där Etüd ginn dowéinst dräi Zeenarien ënner d'Lupp geholl. Ee Projet mat 100 Megawatt, ee mat 180 an ee mat 360 Megawatt, sou den Alex Michels. "Wat dann elo dovunner kënnt, dat wësse mir net. Dat sinn Aschätzungen, déi mir gemaach hunn."

Déi dräi Zeenarie beschreiwen net, wéi vill Stroum iwwer d'Joer vun esou engem Datenzenter consomméiert gëtt, mee wéi héich d'Spëtzewäerter kéinte sinn.

An de Conclusioune vun där Etüd iwwer de Stroumverbrauch, dee bis 2040 kéint erreecht ginn, gëtt recommandéiert fir d'Import-Stroumleitung vun Tréier Quint ze ersetzen, an déi vu Bauler Niederstedem auszebauen.

Sollt ee Megadatenzenter kommen, da kéint déi aktuell Infrastruktur no 2025 net méi duergoen. Ouni Datenzenter kéim een nach bis 2029 iwwer d'Ronnen.