Haiti Croix Rouge: Lektiounen nom Äerdbiewe vun 2010 geléiert
D'Lëtzebuerger Croix Rouge ënnerstëtzt d'Äerdbiewenaffer a schéckt dräi Leit fir viraussiichtlech véier Méint op Haiti, déi op d'Verdeele vu Material an op Éischt Hëllef spezialiséiert sinn. Scho beim Äerdbiewen 2010 war d'ONG op der Insel, den Asaz stoung awer wéinst Manktem un Transparenz bei de Finanzementer an der Kritik. Versprachen Infrastrukturprojete sinn net zustane komm, doduerch huet d'ONG u Vertraue verluer.
Wien d'Croix Rouge mat Haiti a Verbindung bréngt, gëtt d'office un d'Äerdbiewe vun 2010 erënnert. Deemools stoung déi amerikanesch Sektioun vun der Croix Rouge an der Kritik, déi bal eng hallef Milliard US-Dollar u Spende gesammelt hat.
Amerikanesch Medien haten opgedeckt, datt nëmmen e Brochdeel vun de Gelder dem Land zegutt komm ass. Eng Enquête vum Amerikanesche Kongress hat 2016 reveléiert, datt d'ONG 125 Milliounen Dollar fir internen Depensen ausginn hat.
Manktem un Transparenz bei de Finanzementer
Bei der Croix Rouge Lëtzebuerg wier ee sech bewosst, datt dëse Skandal dem Image geschuet hätt. Et hätt een awer wichteg Lektiounen draus geleiert, seet de Brice Goedert, Coordinateur vun der aktueller Missioun op Haiti.
Hie seet, d'Transparenz vum Asaz vun den Done wier hei garantéiert: all d'Aktivitéite géife stattfannen. All vulnerabel Persoun, déi identifizéiert gëtt an alles, wat verdeelt gëtt, gëtt eenzel dokumentéiert, "ganz transparent a kontrolléierbar".
De Rapport vum Projet wäert och genee weisen, wéi ee Prozentsaz vun Done konkret um Terrain ukomm ass, a wéi ee Prozentsaz fir d'Koordinatioun vun der Missioun benotzt ginn ass.
Humanitär Hëllef a "White Saviour"-Komplex
De Skandal bei der Amerikanescher Croix Rouge hätt besonnesch d'Vertraue vun der haitianescher Populatioun geschiedegt. Mëttlerweil hätt d'Manéier, wéi humanitär Hëllef um Terrain geleescht gëtt, geännert, esou de Brice Goedert.
International ONGen, wéi d'Croix Rouge, géifen net méi als europäesch Experten optrieden, mee geséichen sech éischter als Ënnerstëtzung vun der haitianescher Croix Rouge. Et géif ee méi eng enk Zesummenaarbecht mat de lokale Partner ustriewen.
D'Croix Rouge hätt vum Asaz 2010 an Haiti geléiert: D'Communautéit géif méi an der Demarche agebonne ginn: bei der Identifikatioun vun de vulnerabele Leit a bei der Validatioun vun den Hëllefen, déi verdeelt ginn. "Dat garantéiert eng grouss Acceptanz bei der Communautéit."
Eelef Joer nom Skandal fënnt de Brice Goedert, datt d'Acceptanz an d'Zefriddenheet vun der Aarbecht bei der lokaler Bevëlkerung mëttlerweil méi héich wier. Notamment hätt een dat am leschten Asaz 2016 beim Hurrikan Matthew gespiert.