Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSMI recommandéiert AstraZeneca fir all Alter

Covid-Impfung

CSMI recommandéiert AstraZeneca fir all Alter

Den Impfstoff vun AstraZeneca kann och zu Lëtzebuerg fir all Altersklassen agesat ginn. Dat schreift de Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses a sengen neie Recommandatiounen zu deem Vaccin.

auto_stories

1 min

Bis elo gëtt den AstraZeneca Impfstoff zu Lëtzebuerg nëmme fir Leit ënner 65 Joer gebraucht, an der Phase 5a vun der Impfcampagne, déi rezent scho lancéiert gouf.

An de neien Recommandatioune vum CSMI, déi eis virleien, heescht et elo: op Grond vun de rezenten Daten iwwer d'Effikassitéit vum AstraZeneca Vaccin géif de Conseil recommandéieren, dësen Impfstoff fir all Altersklassen an all Risikogruppen anzesetzen.

Beim AstraZeneca Vaccin gëtt och recommandéiert zwou Dosissen ze sprëtzen. Déi zweet Dosis soll, dem CSMI no, an engem Delai vun 8 bis 12 Woche gesprëtzt ginn.

Regierung decidéiert muer d'Suitte vum Avis

De Gesondheetsministère hat beim Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses e weideren Avis fir den Asaz vum AstraZeneca Vaccin gefrot. D'Regierung muss elo decidéieren, ob si den neie Recommandatioune vum Conseil nokënnt.

De Regierungsrot decidéiert muer driwwer, wéi en Impakt dës Recommandatioune vum CSMI op d'Impfcampagne zu Lëtzebuerg huet, krute mer op Nofro hi vun der Santé gesot.

Och a Frankräich war Ufanks der Woch annoncéiert ginn, datt den AstraZeneca Vaccin och fir Persounen iwwer 65 Joer kann agesat ginn.