Radioen

On air

De Moien  |  Editioun 7h15

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSMI recommandéiert Impfung fir Jonker tëscht 12 a 15 Joer

An engem neien Avis

CSMI recommandéiert Impfung fir Jonker tëscht 12 a 15 Joer

Wien an de leschte sechs Méint de Coronavirus hat, brauch eventuell just eng Impf-Dosis ze kréien, esou de Conseil supérieur des maladies infectieuses an engem Avis. Den Experte-Rot recommandéiert ausserdeem Jonker tëscht 12 a 15 Joer ze impfen. Den Impfstoff géif Etüden no bei Jonke gutt wierken.

auto_stories

3 min

Foto: EC / Anthony Dehez

Lauschterenplay_arrow


De Conseil supérieur des maladies infectieuses recommandéiert, datt jiddereen, deen de Virus an de leschte sechs Méint hat - an tëschent 16 an 54 Joer huet - beim Impfe just eng Dosis brauch, a keng zwou. Tëscht der Infektioun an der Impfung sollen op d'mannst véier Wochen Intervall leien, schreift den Experte-Rot an engem Text, deen de Weekend publizéiert gouf.

Bei Persounen, déi de Virus viru méi wéi sechs Méint haten oder immungeschwächt sinn, bleift et bei zwou Dosissen. Betraffener solle sech vun hirem Dokter berode loossen, hat de Premier Xavier Bettel schonn e Freideg gesot. An engem weideren Text recommandéiert de Experte-Rot, Jonker tëscht 12 a 15 Joer ze impfen - och dat hat de Premier ugekënnegt. Den Impfstoff géif, Etuden no, bei Jonke gutt wierken a géif och gutt toleréiert ginn, sou de CSMI.

Impfstoff bei Jonker sécher an effikass

A sengem schrëftlechen Avis stellt de Conseil fest, datt de BioNTech/Pfizer-Vaccin - also deen eenzegen dee bis elo fir Jonker um Marché ass - zu 100 Prozent effikass ass, wann et ëm d'Preventioun vun enger Infektioun mam Virus geet. Ob en och effikass ass fir géint d'Iwwerdroe vum Virus bei Jonken ze wierken ass bis elo net beluecht, well et keng wëssenschaftlech Donnéeën dozou ginn, sou de CSMI. De Conseil weist awer drop hin, datt éischt Etuden dozou bei den Erwuessene weisen, datt duerch d'Impfen den Infektiounstaux erofgeet, an d'Viruslaascht grad wéi d'Ausscheeden dovu reduzéiert gëtt.

Sécher wier de Vaccin fir déi Mannerjäreg och, heescht et am Avis. Bei enger Etude mat ronn 1.100 Jonken tëscht 12 a 15 Joer, déi geimpft gi sinn, wier guer kee spezifesch Sécherheetsproblem, opgetaucht, sou de CSMI. Den Impfstoff géif gutt toleréiert ginn, just minimal Nieweneffekter wieren opkomm. Et kéint een awer net ausschléissen, datt rar Niewewierkungen eréischt opkommen, wann de BioNTech/Pfizer-Vaccin méi flächendeckend genotzt gëtt, bemierkt de CSMI.

Een Drëttel vun den Infektioune bei jonke Leit

De leschte Mount ware bal 30 Prozent vun de Covid-Infektioune bei de Jonken tëscht 0 an 19 Joer. Ronn ee Fënneftel dovun hunn déi 10 bis 19 Joer al betraff. De CSMI liest aus enger Rei Etuden aus dem Ausland eraus, datt déi méi kleng Kanner manner riskéieren sech unzestieche wéi Jugendlecher. Donieft géif de Risiko fir méi ee schwéiere Verlaf mam Alter eropgoen, och wann e bei Kanner generell seelen ass.

Bei Leit déi de Coronavirus bannent dem leschten hallwe Joer haten, ass den Effekt vun enger Impfung op d'Antikierperen am Blutt an der Reegel grouss. Eng Rei Etuden, déi an den USA an an Italien bei betraffenem Gesondheetspersonal gemaach gouf, hu gewisen, datt déi Wäerter och schonn no enger Impfung ganz héich waren. De CSMI recommandéiert deemno, datt jiddereen deen de Virus an de leschte sechs Méint hat an tëscht 16 a 54 Joer huet, beim Impfe mat BioNTech, Moderna oder Astrazeneca just eng Dosis brauch, a keng zwou.

Tëscht der Infektioun an der Impfung sollen op d'mannst véier Wochen Intervall leien. All Persounen déi de Virus viru méi wéi sechs Méint haten oder immungeschwächt sinn, bleiwe bei zwou Dosissen. De Premier Xavier Bettel hat de leschte Freideg gesot, Betraffener sollen sech vun hirem Dokter berode loossen.