Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Ice In My Eyes - Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "CSV-ADR wier Alternativ fir d'Wieler gewiescht"

Chamberwahlen 2018

"CSV-ADR wier Alternativ fir d'Wieler gewiescht"

Wann d'CSV an der Wahlcampagne d'Propos vun der ADR ugeholl hätt, fir als gemeinsame Camp op ze trieden, dann hätt de Wieler eng Alternativ gehat. Dat seet den ADR-Norddeputéierten, Jeff Engelen.

auto_stories

2 min

D'ADR huet der CSV am Wahlkampf eng Zesummenaarbecht offréiert, seet de Jeff Engelen. Hien ass Gemengeconseiller vu Wëntger an als Norddeputéierte fir d'ADR an d'Chamber gewielt ginn.

"Si hu refuséiert an d'Resultat gesi mir jo elo. Elo si si bei eis an der Oppositioun. Hätten si et ugeholl, dann hätt wahrscheinlech de Wieler eng Alternativ gehat. CSV-ADR oder Gambia. Mee elo hunn d'Wieler gesot, 'dann hu mir léiwer e Gambia-Original wéi eng Gambia-Kopie'. An ech mengen an deem Sënn do muss d'CSV sech elo - et ass hire Béier - ganz vill Froe stellen. Ob wa si op dee Wee gaange wieren, ob dat zum Wahlerfolleg bäigedroen hätt, ass schwéier soen. Ob alle Fal wier et eng Alternativ gewiescht fir de Wieler, déi si hinne selwer geholl hunn."

Aarmut - a Wuesstëmszuelen

Déi no ënne revidéiert Wuesstemszuelen, an datt méi Mënschen an Aarmut liewen, hätt d'Regierung scho virun de Wahle gewosst, seet de Jeff Engelen. Si hätt awer bis no de Wahle gewaart fir et ze verëffentlechen.

"An ech si mol gespaant, wat nach alles am Keller revidéiert gëtt vun hire grousse Saachen, déi si sollte gemaach hunn. Et war jo dës Woch schonn eraus komm, datt am Plaz 100.000 Leit un der Aarmutsgrenz, der elo schonn 126.000 un der Aarmutsgrenz sinn. De Wuesstem war gesot ginn op 3,5%, deen ass elo no ënne revidéiert ginn. Dat stelle si dann e Joer duerno fest, datt manner Wuesstem ass. Dat brauch bal zéng Méint éier si dat festgestallt hunn."

Hie wier gespaant wat fir aner Wourechte wärend de Koalitiounsverhandlungen nach wäerten eraus kommen, esou nach den ADR-Grënnungsmember.