Radioen

On air

Trendscheif  |  Kara Jackson - Right, Wrong or Ready

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV an ADR verloossen Atomkraaft-Aktiounscomité

Atomkraaft

CSV an ADR verloossen Atomkraaft-Aktiounscomité

Mat der CSV an der ADR hunn elo zwou Parteien decidéiert, hir Memberschaft am Aktiounscomité géint Atomkraaft net ze verlängeren. Dem Comité, deen 2011 an der Suite vun der Reakterkatastroph zu Fukushima gegrënnt gouf, hate méi wéi 30 Organisatiounen, Gewerkschaften a Parteie sech ugeschloss. Eelef Joer méi spéit ginn d'CSV an d'ADR also eraus - aus änlechen, mee net grad identesche Grënn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'CSV hätt hir Memberschaft am Aktiounscomité géint Atomkraaft temporär ausgesat, well hir onméiglech schéngt, déi aktuell Energie-Kris ganz ouni Nuklearenergie ze packen, seet de Parteipresident Claude Wiseler. Déi alternativ Energie wären nach net genuch ausgebaut, fir d'Engpäss um Stroummarché kënnen opzefänken.

CSV: Iwwer méi laang Lafzäite vun Zentralen nodenken

Dofir mengt de Claude Wiseler, et sollt een iwwer eng Verlängerung vun de Lafzäite vun den Zentralen, déi u sech vum Netz sollte geholl ginn, nodenken. Un der prinzipieller Positioun vun der CSV géif dat näischt änneren. Et wier een nach ëmmer géint Atomenergie an et wéilt een och net, datt nei Zentrale géife gebaut ginn:

"Mee mir soen, datt een awer déi Reflexioun iwwer eng zäitweileg Verlängerung duerchaus an dësem spezifesche Kontext ka féieren. D'ailleurs stelle mir fest, dass an der Belsch schonn eng Decisioun geholl ginn ass, vu grénge Ministeren, fir Lafzäiten ze verlängeren, well si einfach soen, datt si et net packen ouni dat ze maachen. Mir mengen, dass mir hei eng extrem realistesch, net-ideologesch Approche hunn. A mir froen am Fong, datt iwwer déi dote Saache kann diskutéiert ginn, wëssend zwar souwisou dass Lëtzebuerg net vill do ze decidéieren huet. Sou dass et éischter eng prinzipiell Fro ass."

Den CSV-President seet datt déi aktuell Situatioun, den eventuelle Manktem un Energie am Wanter an déi héich Präisser en Ëmdenke géife néideg maachen.

An hirem Walprogramm fir d'Chamberwale vun 2018 hat d'CSV nach geschriwwen: "Die CSV wird sich weiterhin dafür einsetzen, dass die Stromproduktion aus Atomenergie so schnell wie möglich ein Ende findet. Hier werden wir uns auch auf europäischer Ebene stark machen."

ADR: Oppe fir nei Entwécklungen an der Atomenergie

D'ADR ass och der Iwwerzeegung, dass et an den nächste Joren net ouni Nuklearstroum wäert goen. Am Géigesaz zu der CSV ass si awer oppe fir nei technologesch Entwécklungen am Beräich vun der Atomkraaft, deenen ee sech net verspäre sollt, seet hire President Fred Keup. Déi aktuell Energiesituatioun géif dat och net erlaben:

"Mir sinn amgaang a verschiddene Länner Kuelekraaftwierker ofzeschalten, mir riskéiere kee Gas méi ze kréien aus Russland, déi alternativ Energien, déi sinn absolut nach net prett: Mir brauchen awer iergendwéi Stroum, well soss ginn d'Luuchten hei aus. Dat heescht hei geet et effektiv ëm d'Iwwerliewen, a mir wäerten - do ka jidderee soe wat e wëll - mee wäerten déi nächst Joer Atomenergie brauchen an Europa."

Schwaarz-wäiss-Molerei géif am aktuelle Kontex näischt bréngen. Do misst ee realistesch sinn an zouginn, dass et déi nächst Jore leider net ouni wäert goen. Dofir huet och d'ADR sech aus dem Aktiounscomité géint Atomkraaft ofgemellt.