Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV an ADR: Verständnis fir d'Affekoten

Panama Papers-Enquêtekomissioun

CSV an ADR: Verständnis fir d'Affekoten

Verschidde Geschäftsaffekote wollten net mat der Enquêtekommissoun vum Europaparlament schwätzen. Datt de Finanzminister sech agemëscht huet, fënnt de Gilles Roth (CSV) problematesch.

auto_stories

3 min

Gilles Roth (CSV) a Roy Reding (ADR) (Fotoen: Archiv)

Et wäert een Nospill kréien, datt d'Lëtzebuerger Regierung op d'mannst engem Geschäfsaffekot geroden huet, net mat der Enquête-Kommissioun vum Europa-Parlament iwwert d'Affär PanamaPapers ze schwätzen: dat huet de Sven Giegold haut am 100,7-Interview ugekënnegt. Déi Gréng am Europa-Parlament wëllen ufroen, datt déi Lëtzebuerger Acteuren, déi d’lescht Woch net ausgesot hunn, nach eng Kéier invitéiert ginn - dës Kéier op Bréissel - fir mat der europäescher Enquête-Kommissioun “Geldwäsch, Steiervermeidung a Steierflucht” ze schwätzen. De finanzpolitesche Spriecher vun der europäescher grénger Fraktioun Sven Giegold géif sech wënschen, datt och déi Lëtzebuerger Deputéiert elo hir Roll an dësem Kontext iwwerhuelen.

Déi Lëtzebuerger Deputéierte sollen der Regierung Froe stellen. Schliisslech wier et ee Verhale vun der Regierung, dat géint europäescht Recht géif goen, ënnersträicht de Sven Giegold. "Mir si Volleksvertrieder, gewielt vum Lëtzebuerger Vollek. A mir hu keng Instruktiounen ze kréie vum Här Giegold", seet den CSV-Deputéierte Gilles Roth zu där Fuerderung.

Verständnis fir Verhale vun Affekoten

Ënnert de Persoune mat deenen d'Membere vun der europäescher Enquête-Kommissioun net konnte schwätzen, wieren d'Affekoten Albert Wildgen, Alain Steichen an de fréieren Affekot an aktuelle Staatssekretär Guy Arendt, sou de gréngen Europa-Deputéierte Sven Giegold.

De Gilles Roth versteet d'Verhale vun de Juristen. D'Affekoten hätten ee Beruff, a keen hätt enger Enquêtëkommissioun einfach sou Ried an Äntwert ze stoen.

Ganz ähnlech kléngt dat bei der ADR. Den Deputéierte Roy Reding kann novollzéien, datt d'Affekoten net mat der Enquête-Kommissioun aus dem Europa-Parlament wollte schwätzen. "Si hate guer keen anere Choix, well si sech soss Strofbar gemaach hätten no Lëtzebuerger Recht." Hien als Affekot hätt wéinst dem Beruffsgeheimnis och refuséiert.

"E bësse komesch"

De radio 100,7 hat e Freideg gemellt, datt de Finanzministère engem Geschäftsaffekot ofgeroden hat, Enn vun der leschter Woch an der Enquête-Kommissioun auszesoen. Den CSV-Deputéierte Gilles Roth schwätzt vu widderspréchlechen Aussoe vum Finanzminister an engem sensibelen Dossier. Dat géif net zu der Credibilitéit vun engem Regierungsvertrieder bäidroen. "Et ass e bësse komesch, datt e Finanzminister engem Geschäftsaffekot quasi Instruktioune gëtt, fir der Enquête-Kommissioun vum Europaparlament net Ried an Äntwert ze stoen", seet de Gilles Roth.

"Mir soen de Moment näischt dozou", sou déi kuerz Reaktioun vun der grénger Fraktiounscheffin Viviane Loschetter no der Fuerderung vum gréngen Europadeputéierte Sven Giegold, datt déi Lëtzebuerger Deputéiere sollen an dësem Dossier aktiv ginn.


De Bäitrag vum Serge Kesseler vum 6. Mäerz 2017

Verständnis fir d'Affekotenplay_arrow