Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: Corinne Cahen net méi tragbar als Familljeministerin

Kritik

CSV: Corinne Cahen net méi tragbar als Familljeministerin

An den Aen vun de CSV-Fraktioun d'Familljeministesch net méi tragbar. Si géif zënter Méint beweisen, datt se net d'Fra vun der Situatioun ass, fir de Secteur vun den Alters- a Fleegeheimer a vum betreite Wunnen duerch d'Corona-Kris ze féieren, sou den Deputéierte Michel Wolter den Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz.

auto_stories

1 min

Lauschtert de ganze Bäitragplay_arrow


D'Corinne Cahen hätt all déi Zäit keng Verantwortung geholl, just Responsabilitéiten ofginn. Vun hir wiere keng Direktive komm, nëmme falsch oder onkomplett Informatiounen a Chifferen, déi net der Réalitéit entspriechen. Nawell géif d'CSV-Fraktioun net de Récktrëtt vun der Familljeministesch fuerderen. Nach net, sou de Michel Wolter.

Deem virausgeschéckt hat de Michel Wolter eng laang Ofrechnung mat der Corona-Politik vun der Regierung, net nëmme, mee virun allem am Secteur vun den eelere Leit. Verbonne mat enger Rei vu Fuerderungen, dorënner déi, d'Impfen obligatoresch ze maachen, fir Leit déi am Kontakt mat eelere Persoune schaffen.

Et wier zwar jiddwerengem säi gutt Recht, sech net impfen ze loossen. Mee wann een dat net wéilt, da misst een zu all Moment mat negativen Testtesultater noweisen kënnen, datt en de Virus net huet, sou de Michel Wolter.