Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jessy Lanza - Limbo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV distanzéiert sech vun hirem President

Steierpolitik

CSV distanzéiert sech vun hirem President

De Frank Engel hat sech fir eng Ierfschaftssteier an direkter Linn an eng Verméigenssteier fir Privatpersounen ausgeschwat. Am Walprogramm vun 2018 stéing de Géigendeel, heescht et elo vu senger Partei.

auto_stories

2 min

De Frank Engel ass zanter Januar 2019 President vun der CSV (Archivbild)

D'CSV distanzéiert sech an engem Communiqué kloer vun den Aussoe vun hirem President: fir déi Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei géif de Walprogramm vun 2018 gëllen, wou eng Verméigenssteier fir Privatpersounen an d'Ierfschaftssteier an direkter Linn ausgeschloss gouf.

De Frank Engel hat dës Woch am Interview mat der Online-Zäitschrëft Reporter.lu ënner anerem fir déi béid Steiere plaidéiert, dëst am Kontext vun der Corona-Kris. Dës Kris géif enorm Abousse fir de Staatsbudget bedeiten, an et wier net de Moment fir bei de sozialen Transferten oder den Investissementer ze spueren, esou d'Argument vum CSV-President.

A wann een net weider wéilt Scholde maachen, misste grouss Verméige méi staark besteiert ginn. Nodeems de Frank Engel dës Fuerderunge gëschter géintiwwer RTL widderholl huet, war eisen Informatiounen no de Moien eng CSV-Fraktiounsreunioun via Visiokonferenz.

Ierfschaftssteier: "Net ze maachen"

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen wollt sech zum Verlaf vun där Reunioun an zu den Aussoe vum Frank Engel net äusseren. Vun der Online-Zäitschrëft Reporter.lu gëtt si mat der Ausso zitéiert, eng Ierfschaftssteier "wier einfach net ze maachen a bei aneren Theeme misst een diskutéieren an eng Positioun vun der Mëtt fannen".

Och de Frank Engel wollt zum Communiqué a sengen Hannergrënn näischt soen.

Dëse kuerze Communiqué gouf de Mëtteg vun der Partei verschéckt:

Für die CSV gilt weiterhin das vom CSV-Nationalkongress beschlossene Wahlprogramm von 2018, das in Sachen Steuern unmissverständlich Position bezieht:

"Wir (die CSV) sagen Nein zur Einführung der Vermögenssteuer für Privatpersonen. Eine Erbschaftssteuer in direkter Linie ist für die CSV kein Thema."

mitgeteilt von der CSV

Reaktioun vum Dan Kersch (LSAP)

Op Facebook reagéiert den Aarbechtsminister Dan Kersch op de Communiqué vun der CSV. Hie mengt, datt den Frank Engel an der Partei isoléiert wier.