D'Deputéierte wieren eréischt op der Generalversammlung vun der asbl. de virleschte Méindeg vum Aarbechtsvertrag gewuer ginn. Do hätt ee keng zefriddestellend Äntwerte kritt, ob dëse Vertrag erfëllt gouf an iwwer d'Legalitéit vum Kontrakt.
Op Basis vun engem onofhängege juristeschen Avis hätt d'CSV-Fraktioun den Dënschdeg ouni Géigestëmm decidéiert, fir d'Faiten un de Parquet weider ze ginn, esou d'Martine Hansen weider. "De Parteipresident huet eis an eng onméiglech Situatioun bruecht", seet si.
RTL hat gëschter gemellt, datt de Frank Engel beim Parquet denoncéiert gi wier, well hie säin Aarbechtsvertrag net erfëllt hätt.
De Parteipresident hätt sech d'lescht Joer 40.000 Euro Paie vum CSV-Frëndeskrees ausbezuele gelooss, esou haut reporter.lu.