Radioen

On air

De Weekend  |  Leen - Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV fuerdert ee Gesetz fir Manifestatiounen

Demonstratiounen

CSV fuerdert ee Gesetz fir Manifestatiounen

D'CSV fuerdert e Gesetz mat klore Reegele fir Manifestatiounen. En vue vun enger ëmmer gréisserer Gewaltbereetschaft an dem Phenomen vum Demonstratiounstourismus wier esou ee gesetzleche Kader och no der Pandemie noutwenneg, esou de Laurent Mosar virun der Press.

auto_stories

2 min

De Laurent Mosar, de Léon Gloden, de Serge Wilmes an de Gilles Roth virun der Press. Foto: CSV

D'CSV fuerdert nieft der Aféierung vun engem generelle Platzverweis, datt Organisateure fir méiglech Ausschreidungen haftbar gemaach kënne ginn. Weider wëllt déi gréisst Oppositiounspartei, datt d'Méiglechkeet, eng illegal Manifestatioun opléisen ze kënnen, gesetzlech verankert gëtt.

Substantiell Geldstrofe kéinten dissuasiv wierken, esou de Laurent Mosar virun der Press. An Nopeschlänner wéi a Frankräich géifen et Amende vu 7.500 Euro ginn - zu Lëtzebuerg léich d'Strof bei maximal 250 Euro. "Ech menge schonn, datt bei sou Zommen een et sech vläicht méi iwwerleet, wéi wann ee weess, datt ee just 250 Euro bezillt."

CSV fuerdert ee Fong fir Pertë vu Geschäftsleit ze kompenséieren

Et hätt een an de leschte Woche ganz schwéier Zäiten an der Stad gehat, déi ee groussen Impakt op d'Zesummeliewe gehat hätten, esou iwwerdeems den éischte Stater Schäffe Serge Wilmes. Vill Leit géifen net méi gären an d'Stad kommen a ganz besonnesch déi Stater Geschäftswelt géif dorënner leiden.

Duerch d'Corona-Restriktiounen an eng Partie Chantieren hätten d'Stater Geschäftsleit scho schwiereg Zäite materlieft. Hei géifen elo d'Demonstratioune vun de leschte Wochen nach derbäi kommen.

D'CSV fuerdert dofir, datt de Staat ee Fong uleet fir de Geschäftsleit d'Perten ze entschiedegen, déi duerch dës Manifestatiounen entstane sinn, "well eben de Staat zivil och haftbar ass bei esou Schied, déi bei Manifestatiounen entstinn", esou de Serge Wilmes.