Covid-Restriktiounen CSV International net averstane mam Nee-Vott

D'CSV huet geeschter géint déi nei Covid-Restriktioune gestëmmt, well se déi nei Reegelen net koherent genuch fënnt. Dat gefält net jiddwerengem an der Partei: déi international Sektioun vun der CSV betount haut an engem Communiqué, d'Gesondheet vun de Mënsche wier "méi wichteg wéi d'Perfektioun vun engem Gesetz".

Rick Mertens / cbi

Daniela Moraru
D'Daniela Clara Moraru ass Presidentin vun der internationaler Sektioun vun der CSV. Foto: Archiv

D'Presidentin vun der CSV international sot eis, si hätt fir d'Mesurë gestëmmt, wa si an der Chamber wier. D'CSV géif mat hirem "Nee" zum Text riskéieren e falschen Androck ze ginn.

Grad Leit, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen, kéinten duerch dëse Vott den Androck kréien, datt CSV komplett géint méi streng sanitär Mesurë wier, dobäi wär dat guer net de Fall, esou d'Daniela Clara Moraru.

Daniela Clara Moraru

Déi international Sektioun vun der CSV huet eegenen Aussoen no eng 800 Memberen, wat ongeféier zéng Prozent vun all de Parteimemberen ausmécht.

Méi zum Thema

Pia Oppel Analys
Nei Mesurë géint de Virus

Déi verschäerfte Mesurë géint de Coronavirus dierften eisen Informatioune no fréistens e Mëttwoch a Kraaft trieden. Et deit alles drop hin, datt nei Restriktioune kommen, mengt d'Pia Oppel an enger Analys.

Chambre des Députés
Nei Mesuren

Sollten d'Infektiounszuele sech net verbesseren, huet d'Regierung nei Moossnamen op den Instanzewee bruecht. Ufanks nächster Woch kéint d'Chamber doriwwer ofstëmmen. Wat soen d'Oppositiounsparteien dozou?

(de g. à dr.) Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État ; Paulette Lenert, ministre de la Santé
Corona-Pandemie

D'Regierung preparéiert weider Mesuren am Kampf géint d'Corona-Pandemie. Zwar wéilt een nach ofwaarden, wéi d'Situatioun dës Woch evoluéiert, mee de Regierungsrot huet scho preventiv en Text ugeholl.

Programm

  • Ligne 2

  • On air

    Notturno

  • Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

Net verpassen

  • Den OPL an de Leonidas Kavakos live

    Leonidas Kavakos.jpg

    Erlieft den Owend live um 8 Auer de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg mat Wierker vu Joseph Haydn an Antonin Dvorak. Chef invité ass de Leonidas Kavakos, Solist um Cello de Gautier Capuçon. 

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen