arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV kritiséiert de Gesetzprojet fir déi geplangt Police-Datebank

Police-Fichier

|
reading time

1 min

CSV kritiséiert de Gesetzprojet fir déi geplangt Police-Datebank

Et wier net akzeptabel, datt Polizisten aus administrative Grënn Asiicht a Bankkonte vun de Bierger kéinte kréien, esou de Laurent Mosar. Den CSV-Deputéierte schwätzt an deem Kontext vum "Ophiewe vum Bankgeheimnis". De Gesetzprojet géif generell zwar an déi richteg Richtung goen, et géifen awer d'Bestëmmungen feelen, wéi d'Bierger kënnen nofroen, wéi eng Donnéeën d'Police iwwer si hält. Den Delai fir d'Ëmsetzung - 2026 - wier och ze laang an de Käschtepunkt vun 21 Milliounen Euro am Projet net novollzéibar.

reading time

1 min

play_arrow De Laurent Mosar