Radioen

On air

Resonanzen  |  Musikalesch Extas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV wäert Prozedur fir Referendum net declenchéieren

Petitioun 2007

CSV wäert Prozedur fir Referendum net declenchéieren

D'Petitioun 2007 ass zënter Mëtternuecht zou: de Compteur ass um Enn bei 18.579 elektroneschen Ënnerschrëfte stoe bliwwen. Also wäit ënner de 25.000 Signaturen, déi d'CSV-Deputéiert dozou bruecht hätten, e Referendum iwwer d'Verfassung ze froen.



auto_stories

2 min

De Käerjenger Député-maire Michel Wolter geet dovun aus, datt déi Pist fir zu enger Volleksofstëmmung ze komme sech domat zerschloen huet. Hie géif eng deementspriechend Decisioun vu senger Fraktioun och respektéieren, souguer wann hie perséinlech der Meenung ass, datt een d'Leit iwwer den Text ofstëmme loosse sollt.

Hie géif do de Kompromëss verdeedegen, deen een an der Fraktioun virun 3 Wochen ënner kontroversen Diskussioune geholl hat.

Domat wäert d'CSV kee Referendum iwwer d'Verfassungsreform declenchéieren, esou de Michel Wolter:

"Wann dat Resultat esou ass, da ginn ech emol dervun aus, datt déi Propositioun, déi mir gemaach hunn, datt déi hire Wee net fonnt huet an déi dote Piste wäert dann och net goen."

De Michel Wolter huet awer och ënnerstrach, datt d'CSV déi proposéiert Ännerunge vun der Constitutioun am Géigesaz zu der ADR ënnerstëtzt.

Vum 19. November u kann all ageschriwwene Wieler op senger Gemeng eng Lëscht ënnerschreiwen, a sech op déi Manéier fir e Referendum iwwer den éischten Deel vun der Verfassung - d'Justiz-Kapitel - ausschwätzen. Wann am Ganze 25.000 Wielerinnen a Wieler dat maachen, gëtt den zweete Vott an der Chamber duerch esou eng Volleksofstëmmung ersat. Wann déi néideg Ënnerschrëften net zesumme kommen, wäert den Text um parlamentaresche Wee gutt geheescht ginn.